Régions dévastées, Echternach
| Film | |
|---|---|
| Produktiounsjoer | 1945 |
| Dauer | ronn 50 Min. (2 x 20 + 10) |
| schwaarzwäiss | |
| Format | 16 mm |
| Originalsprooch | keng (Stommfilm) |
| Ekipp | |
| Regie | Pierre Bertogne, Pierre Kintzinger |
| Schauspiller | |
| keng (Documentaire) | |
|
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre | |
Régions dévastées, Echternach ass e Kuerzfilm vum Pierre Bertogne a Pierre Kintzinger vun 1945, deen am Kader vun engem Inventaire, op Demande vum Ministère de la Reconstruction[1], iwwer Krichsschied opgeholl gouf.
Et ass en Dokumentarfilm, deen aus 3 Filmer vun 20 Minutten besteet (Originaltitel: Régions dévastées du Grand-Duché de Luxembourg 1945), an engem Zousaz iwwer 10 Minutten.
- Den 1. Deel féiert laanscht d'Musel an Ënnersauer vu Schengen op Iechternach;
- Den 2. Deel weist Dikrech, Veianen, Doosber, Clierf, Kautebaach, Wolz, an hir Ëmgéigenden;
- Den 3. Deel féiert ë. a. op Noutem, Bärel, an Eeschpelt.
Dee leschten Deel dokumentéiert déi éischt Sprangpressioun vun Iechternach am Joer 1945 nom Krich.
De Film gouf op 16mm a schwaarz-wäiss, mat 18 Biller/sec. gedréint an hat keen Toun. D'Sonorisatioun gouf 1995 vum CNA realiséiert. D'Commentairë goufe vum Frank Wilhelm geschriwwen a geschwat. D'Musek Der Geiger von Echternach ass vun der Lou Koster an Nicolas Welter.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Shoah, guerre et après-guerre:films luxembourgeois Archivéiert den 22.06.2023. Gekuckt den 01.02.2023.
