Régis Moes

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Régis Moes, gebuer 1986, ass e lëtzebuergeschen Historiker, Auteur a Jonkpolitiker.

Schoul an akademesch Carrière[änneren | Quelltext änneren]

2005 huet de Régis Moes seng Première am Lycée Robert-Schuman gemaach.

Tëscht 2005 an 2010 huet hie Geschicht op der Université libre de Bruxelles an op der Universitéit Paris I Panthéon studéiert, wou hien 2010 mat engem Master 2 an der Geschicht, ënner der Leedung vum Prof. Pierre Boilley (Sorbonne) an dem Prof. Jean-Paul Lehners (Uni Lëtzebuerg), ofgeschloss huet.

Seng Diplomaarbecht iwwer d'Lëtzebuerger am Kongo mam Titel, Cette colonie qui nous appartient un peu: la communauté luxembourgeoise au Congo belge: 1883 - 1960, ass 2011 mam Prix du meilleur mémoire vun der Fondation Robert Krieps angezeechent [1] an 2012 bei den "Éditions d'Lëtzebuerger Land" publizéiert ginn. Den Ament ass hie Chercheur an Doktorant op der Universitéit Lëtzebuerg.

2016 huet hien eng Ausstellung am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht op d'Bee gestallt, déi d'Thema Kale Krich zu Lëtzebuerg (oder an der lëtzebuergescher Perceptioun dovunner) presentéiert: << La guerre froide au Luxembourg >> (22. Abrëll -> 27. November 2016).

Politesch Carrière[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem de Régis Moes sech zu Lycéeszäite schonn an der nationaler Schülerkonferenz (CNEL) engagéiert hat, ass hien 2002 Member vun de Jeunesses Socialistes ginn.

2008 war hien doriwwer eraus och Member vum Bureau vun den europäesche Jongsozialisten (ECOSY).

2010 ass de Régis Moes zum Generalsekretär vun de Jeunesses Socialistes gewielt ginn.[2]

Bei de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 gouf hien an de Gemengerot vu Nidderaanwen gewielt. Hien ass President vun de Gemengekommissioun Jugend a Finanzen. Ausserdeem ass hie Member vum Comité vun der Syrdall Schwemm.

Den 17. Mäerz 2012 gouf de Régis Moes, als Nofolger vun der Taina Bofferding um Nationalkongress vun de Jeunesses Socialistes zu Déifferdeng, offiziell als neie President bestätegt.[3] Aus beruffleche Grënn huet hien 2013 nemmi fir d'Presidence kandidéiert.[4]

Den 23. Juni 2013 ass hien als ee vun 21 Kandidaten, um Bezierkskongress vun der LSAP-Zentrum, fir d'Legislativwalen designéiert ginn.[5]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2010: La collaboration coloniale belgo-luxembourgeoise au Congo. In Forum für Politik, Gesellschaft und Kultur 299, p.  29-32
  • 2012: Cette colonie qui nous appartient un peu: la communauté luxembourgeoise au Congo belge: 1883 - 1960, Éditions d'Lëtzebuerger Land/ Fondation Robert Krieps, Lëtzebuerg, ISBN 978-2-919908-06-6
  • 2013: La réforme scolaire de 1912. 'L'éducation n'étant plus, comme autrefois, une simple question d'A.B.C.. In Forum für Politik, Gesellschaft und Kultur 325, Januar 2013, p.  35-38
  • 2013: L'Ecole luxembourgeoise dans la tourmente. La loi scolaire de 1912. In 1912-2012. Histoire d'une lutte scolaire Éditions FGIL, p.  7-25

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Artikel: Remise du prix « Robert Krieps » du meilleur mémoire de master 2010
  2. Historique vun de Jeunesses Socialistes Luxembourgeois
  3. Tageblatt Artikel: Régis Moes neuer Präsident
  4. Artikel: JSL wählt neue Spitze – Sammy Wagner wird Präsident
  5. Wort Artikel: LSAP Zentrum: selbstbewusst in den Wahlkampf