Réimesch Thermen zu Mamer
|
Déi restauréiert Grondmauere vun de réimeschen Thermen zu Mamer | |
| Typ | archeologesch Plaz, Vicus, réimesch Thermen |
|---|---|
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Mamer |
| Plaz | Mamer |
| Koordinaten | 49°37'30,086"N, 6°2'15,770"O |
| Statut | Ausgruewung, Klasséiert Monument |
|
| |
D'Réimesch Thermen zu Mamer goufen an de Joren 1972/73 an 1975/76 bei archeologeschen Ausgruewungen zu Mamer, no beim Tossebierg, entdeckt.
Den 18. Oktober 1973 gouf den Terrain mat de gallo-réimesche Ruinen op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.
Thermen
[änneren | Quelltext änneren]Et gëtt ugeholl, datt an der zweeter Hallschent vum 1. Joerhonnert den nërdlechen Uwänner vun der Mamer planéiert gouf fir d'Thermegebai do ze bauen. An am Ganze sechs Bauphasen – déi bis an d'Hallschent vum 3. Joerhonnert gedauert hunn – gouf eng Thermenanlag opgeriicht. Aus uganks just dräi Raim op 80 m² ass iwwer d'Zäit eng Anlag op enger Fläch vu 450 m² entstanen.
Vum Haaptgebai koum een duerch e Korridor an de Frigidarium, e Raum fir sech ofzekillen a sech z'erhuelen. Béidsäiteg vum Korridor louche Vestiairen (Apodyterium). Am Süde war en anere Raum mat zwee Basengen an der Form vun engem Hallefkrees, mat engem Duerchmiesser vu 40 m. Vum Frigidarium aus koum ee westlech an e waarme Raum (Tepidarium) an duerno an e gliddege Raum (Caldarium).
D'Mauere vun den Therme sinn haut bis op eng Héicht vun ongeféier 50 cm eropgebaut a restauréiert ginn.
Aner Decouverten
[änneren | Quelltext änneren]Vicus
[änneren | Quelltext änneren]Ausser den Therme goufen nach aneren Iwwerreschter vu Bauten a Gebaier aus der Réimescher Zäit entdeckt, nämlech e Vicus (Réimescht Duerf) op enger Fläch vun 12 ha. Dëst ass dorop zeréckzeféieren, datt dat haitegt Duerf Mamer (réim. Mambra) an der Zäit vun der réimescher Herrschaft, déi vun 53 v. Chr. (nodeem d'Réimer d'Schluecht géint d'Treverer gewonnen haten) gutt 450 Joer gedauert huet, de Vicus als Relais (Raschtplaz) um Kiem vu Reims (Durocortorum) op Tréier (Augusta Treverorum) gedéngt huet.
Dromedar
[änneren | Quelltext änneren]Bei Ausgruewungen an der Ëmgéigend vum Vicus goufen tëscht 2009 an 2011 an engem Buer Schanke vun am Ganzen 259 Liewewiesen entdeckt. Dorënner waren och Schanke vun - wéi sech méi spéit erausgestallt huet - engem Dromedar[1]. D'Analyse vun den Archeologen hunn erginn, datt réimesch Truppen den Dromedar-Hengscht am spéiden 3. Joerhonnert mat op Lëtzebuerg bruecht hunn.
D'Archeologen hunn awer bis ewell nach keng Äntwert op d'Fro fonnt, firwat d'Schanken esou gutt erhale waren a firwat dat doudegt Déier esou gutt beschützt war, datt keen Aasfrësser dru gefriess huet[2].
Schongfragmenter a Kiischtekären
[änneren | Quelltext änneren]2024 goufen am Vicus, net wäit ewech vun de Sträifenhäiser, an enger Zort Pëtzen iwwer 700 Schongfragmenter aus der réimescher Zäit fonnt, an och Planzereschter, déi eis weisen, wat d'Réimer giess hunn, wat se verschafft hunn, ewéi och Holzreschter, zum Beispill vu Ween. Doniewent goufen och Këschte voll Kiischtekäre fonnt, déi eng 2.000 Joer al sinn. Wat d'Réimer mat dëse Kiischtekäre gemaach hunn, ass bis elo net gewosst.[3]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Metzler Jeannot, Zimmer John, 1975: Öffentliche Bäderanlage und spätantike Baureste im gallo-römischen Vicus von Mamer. Hémecht, 27, 429-487.
- Matthias Paulke, Jean Krier, und Raymond Waringo. Archäologischer Rundgang durch Luxemburg. Luxembourg: Centre national de recherches archéologiques, 2019. Print. ISBN 978-2-87985-535-6, S. 88-89
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun den Ausgruewungen an archeologesche Plazen zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Mamer
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Réimesch Thermen zu Mamer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Dromedar-Skelett aus der Réimerzäit bei Ausgruewung entdeckt op rt.lu de 16. August 2017, fir d'lescht gekuckt den 1. August 2018
- ↑ Dromedar am réimesche Pëtz zu Mamer wërft Froen op op rtl.lu den 1. August 2018, fir d'lescht gekuckt den 1. August 2018
- ↑ Këschteweis 2.000 Joer al Kiischtekären, Decouverte zu Mamer stellt Archeologe viru Rätsel. rtl.lu (14.10.2024). Gekuckt de 14.10.2024.
