Réimesch Villa zu Iechternach

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Réimesch Villa Iechternach)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
En Deel vun de Reschter vun der Iechternacher Réimervilla mat Maquette

D'Réimesch Villa vun Iechternach war eng réimesch Villa, no bei engem Kiem op Tréier, déi ëm d'Joer 70 no Christus gebaut gi war a bis an d'5. Joerhonnert do stoung, wou haut d'Uwänner vum Iechternacher Séi sinn, südwestlech vun der Stad Iechternach, um Flouer Schwaarzuecht.

D'Fëllementer an d'Iwwerreschter goufen 19751976 vum Service des sites et monuments nationaux ausgegruewen an ausgewäert, nodeem se bei den Terrassementsaarbechte fir de Séi fräigeluecht a bal mat ewechgebaggert gi waren.[1]

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Et handelt sech ëm eng Luxusresidenz mat 2 Stäck a bis zu 70 Zëmmeren um Rez-de-chaussée. Un de Mauere war Marber (deen zum Deel aus Italien erbäibruecht gi war), d'Biedem vu verschiddenen Zëmmere ware mat Mosaiken dekoréiert, an d'Zëmmeren haten eng Buedemheizung (Hypokaust).

D'Gebai war duerch en Haff mat engem Baseng an zwéi symmetresch Flilleke gedeelt. D'Haaptgebai hat eng Fläch vun 118m × 62m. Ronderëm de Prunksall, an der Mëtt, gouf et Kummeren, Kichen, Buedzëmmeren, asw. Lénks a riets un d'Haaptgebai ugebaut gouf et zwéi méi kleng Bannenhäff.

Laanscht d'Mauer ronderëm gouf et och Wirtschaftsgebaier, a Loftopnamen no gouf et och e bësse méi wäit ewech aner Gebaier, wéi Ställ, Scheieren, Wunnenge vun de Sklaven, asw.

Héchstwahrscheinlech goufen an dëser Villa Päerd geziicht, déi un d'réimesch Arméi verkaaft goufen.

Am Laf vun de Joerhonnerten duerno gouf d'Gebai e puermol ëm- an ausgebaut.

Am Ufank vum 2. Joerhonnert koum eng Buedemheizung an de Säitefligele bäi, déi vergréissert goufen. An der zweeter Hallschent vum 2. Joerhonnert koume Gebaier, Gäng an Häff um hënneschten Deel vum Nordfligel bäi, wahrscheinlech fir Atelieren. Uganks vum 3. Joerhonnert gouf et do e Feier. Duerno gouf d'Wunngebai vergréissert. Ëm 275 gouf Iechternach vu Germanen iwwerfall, an d'Villa ass a Brand gestach ginn.

Se gouf net méi als Ganzt nees opgebaut, mä et gouf eenzel Gebaier, déi duerch Kolonade matenee verbonne waren. Dobäi goufen och d'Bieder ausgebaut: e monumentale Frigidarium mat engem quadrateschen 9 m breeden iwwerdaachte Baseng an engem Thermalbaseng koume bäi, sou datt ee kann unhuelen, datt déi ewell ëffentlech Bieder déi anerer, déi zerstéiert gi waren, ersat hunn.

Am 5. Joerhonnert, bei weideren Invasiounen, ass d'Villa da fir zerguddst zerstéiert ginn. An de Joerhonnerten duerno hunn d'Patere vum Klouschter Iechternach, deenen den Terrain ewell gehéiert huet, d'Ruin als Steebroch benotzt.

Inforum[änneren | Quelltext änneren]

Beim Site vun der Villa gouf en Informatiounszentrum gebaut, de sougenannten "Inforum". Dora sinn e puer Zëmmeren nogebaut, a mat Mannequine ginn Zeenen aus dem Alldagsliewe vun deemools nogestallt. Och Maquettë mat deene verschiddene Bauperiode vun der Villa sinn ze gesinn. Weider gëtt et e Sall, wou Filmer gewise kënne ginn an e Buttik mat Literatur zum Thema.

Dozou gehéiert och e réimesche Gaart, hortus amoenus genannt, mat Planzen, wéi se deemools gezillt goufen, an en Zelt mam Numm Auditorium musica et vox.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Johny Zimmer, Jeannot Metzler, Lothar Bakker: Ausgrabungen in Echternach. Ed. Publications nationales, Luxembourg 1981.
  • Jean Metzler, Jean Zimmer: "Echternach, une grande villa romaine" in: Archéologia Nr 168 (Juli 1982), S. 38-50.
  • Haag, Emile, 2011. La romanisation du pays des Trévires: les sites du Titelberg et de Dalheim, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 56-63.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. J.A. Massard: In Echternach fand man die größte Römervilla des Landes. Tageblatt, 20. Dezember 1975.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ancient Roman villa Echternach – Biller, Videoen oder Audiodateien