Réimesch Villa zu Miersch

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Hypokaust vun der Villa
De Basseng
D'Gebai iwwer den Ausgruewungen

D'Réimesch Villa vu Miersch ass eng Villa rustica aus der Réimerzäit, vun där ëm 1905/1906 um Flouer Mies zu Miersch en Deel fräigeluecht gouf.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt ugeholl, datt d'Villa engem réimeschen Offizéier gehéiert huet, dee se fir seng Déngschter an der Arméi geschenkt kritt hat. Ëm 400 hunn d'Réimer sech no an no aus der Géigend zréckgezunn, an d'Franken, déi nokoumen, hu sech léiwer am Dall ugesidelt, sou datt d'Villa verfall ass. De Flouernumm Mies kéim vu mansus (manere) = Haff, Haus, Duerf.[1]

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

Wéi beim Plouen op Mies ëmmer nees Zillen a Schierbelen zum Virschäi koumen, huet de Staatsarchitekt Karl Arendt 1905/1906 Deeler vun enger Villa rustica fräigeluecht. Besonnesch vum Hypokaustum - dem ënnerierdeschen Waarmloft-Heizungssystem - si gutt erhalen Deeler fonnt ginn. Och Brochstécker vun engem schwaarz-wäisse Mosaikbelag goufen ausgegruewen, sou wéi och Fragmenter vu Wandmolereien, Mënzen, Spéngelen, Réng, asw.[1]. Fir déi Ausgruewungen viru weiderer Zerstéierung ze protegéieren huet de Charles Arendt e Gebai driwwer baue gelooss. Wéi sech spéider eraus gestallt huet war dëst de lénkse Fligel vun der Villa.

1966 gouf op "Mies" d'Infrastruktur fir en neie Wunnquartier ugeluecht. Dobäi ass, net wäit vun der Villa ewech, eng laang Mauer fräigeluecht ginn. Well dobäi och Reschter vu Waasserkanäl fonnt goufen, gëtt ugeholl, datt dës d'Reschter vun engem Basseng, vläicht engem Schwammbasseng, sinn.[1] De Basseng hat eng Gréisst vu 75,6 m Längt a 6,5 m Breet a konnt e Waasservolume vun 385 m3faassen. En ass duerch Schichte vu Leem ofgedicht ginn.

Duerch Sondéierungsaarbechten ass och versicht ginn d'Gesamtgréisst vun der Villa festzestellen. E sinn nach e puer Grondmaueren an e Keller fonnt ginn an d'Dimensioune vun der Villa ginn op 200 × 60 m geschätzt. Se hat op d'mannst zwee Raim déi duerch en Hypokaustum gehëtzt goufen.[2]

Den 29. Oktober 1969 gouf de Site mat den Iwwerreschter vun der Villa op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationaalt Monument agedroen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gallo-roman villa in Mersch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 "Mersch: Patriomoine et commune - Römervilla" op mersch.lu (gekuckt: 2012-01-07)
  2. Mersch - Geschichtlicher Rundgang: Infoblat vun der Gemeng Miersch (2013)