Réimesch Zuelen

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
1678

Déi réimesch Zuele bestinn aus dëse Buschtawen:

  • I = 1
  • V = 5
  • X = 10
  • L = 50
  • C = 100
  • D = 500
  • M = 1000

Aner Zuelen ginn aus deenen eenzelen Zeechen zesummegesat. Wa méi eng kleng Zuel hanner enger méi grousser steet, oder wa se de selwechte Wäert huet da gëtt se derbäigezielt, wann déi méi kleng virdru steet, da gëtt se ofgezielt.

Beispiller:

  • II = 2 (1+1);
  • XXX = 30 (10+10+10);
  • VIII = 8 (5+1+1+1);
  • MDCCCLXXVII = 1877 (1000+500+100+100+100+50+10+10+5+1+1);
  • IX = 9 (10-1);
  • XC = 90 (100-10);
  • MDCCLXXIX = 1789 (1000+500+100+100+50+10+10+10-1)
  • MCMXLIX = 1949 (1000+1000-100+50-10+10-1)
  • MMXI = 2011 (1000+1000+10+1)

E Chronogramm ass e Saz, Vers oder Sproch, deen eng Zuel ausdréckt. Hei ginn déi Zuelen, déi duerch eng réimesch Ziffer ausgedréckt sinn, einfach zesumme gezielt.

Beispill:

wIkI: "e froVe ChresChtDag, zefrIDDenheet an e gLéCkLeCht neIt Ioer"
I + I + V + C + C + D + I + D + D + L + C + L + C + I + I = 2010

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Réimesch Zuelen – Biller, Videoen oder Audiodateien