Réimesche Steebroch Kaasselt
![]() | |
Typ | Steebroch, Fielsformatioun |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Bech |
Plaz | Heeschbreg |
Adress | Weislaechen, Kaasselt |
Koordinaten | 49°45'32,44"N, 6°19'5,34"O |
Statut | archeologesch Plaz |
![]() |
De Réimesche Steebroch Kaasselt ass eng Fielsformatioun am Flouer „Weislaechen“ bei Heeschbreg an der Gemeng Bech.
Ënnerzeg vum Sandsteeplateau Kaasselt sinn op enger Längt vun ongeféier 130 Meter Spueren ze gesinn, wou an der Réimerzäit Steng ofgebaut goufen. D'Konture vun de Sandsteebléck, déi ofgebaut goufen, sinn op der Fielswand gutt z'erkennen. Heiansdo sinn nach Schroutgriew ((de) Schrotgraben) ze gesinn, mat deenen déi eenzel Bléck op dräi Säite fräigeluecht goufen, fir se dann op der véierter Säit mat Käiler komplett vum Fiels ze trennen.
Déi éischt kuerz Beschreiwung vun dësem Steebroch geet op d'1940er Joren zeréck.
Net wäit vum Steebroch ewech, um Bord vum haitege Bësch, gouf 2016 am Kader vun enger geophysikalescher Prospektioun, e klengt réimescht Gebai entdeckt, dat wuel d'Ateliersgebai vun dësem Steebroch war.
Accès
[änneren | Quelltext änneren]An nërdlechen Ausgang vun Heeschbreg hëlt een, ënnerzeg vun der Heeschbreger Kapell, de macadamiséierte Wee bis an den Dall vun der Häerdbaach (ca. 250 m.), wou een dann no riets an de Bëschwee dréint. Vun hei u geet een der Beschëlderung vum Auto-pédestre N° 2 no. No ronn 320 m. verléisst een de breede Wee a klëmmt den Hiwwel erop; de Wanderwee leeft um Fouss vun engem grousse Sandsteeplateau, deem seng Fielswänn bis op 35 Meter iwwer den Däller eropginn.
No weideren 900 m. spléckt sech de Wee: et kann een entweeder nees erof a Richtung vum Dall goen an dann zeréck op den Ausgangspunkt oder um Tracé vum Auto-pédestre bleiwen, fir bei déi gallo-réimesch Befestegungsanlag ze kommen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Gallo-réimesch Befestegungsanlag Kaasselt
- Lëscht vun den Ausgruewungen an archeologesche Plazen zu Lëtzebuerg
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Matthias Paulke, Jean Krier, und Raymond Waringo. Archäologischer Rundgang durch Luxemburg. Luxembourg: Centre national de recherches archéologiques, 2019. Print. ISBN 978-2-87985-535-6, S. 78-79.
- Matthias Paulke, Ein römischer Steinbruch bei Hersberg (Gemeinde Bech). Archaeologia luxemburgensis : bulletin du Centre national de recherche archéologique. N. p., 2015. Print, S. 114-122
- Reinhard Schindler, und Karl-Heinz Koch. Vor- und frühgeschichtliche Burgwälle des Grossherzogtums Luxemburg. Mainz am Rhein: Ph.v. Zabern, 1977. Print.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Réimesche Steebroch Kaasselt – Biller, Videoen oder Audiodateien |