Réunion européenne des étudiants luxembourgeois

Vu Wikipedia

D'Réunion européenne des étudiants luxembourgeois, kuerz REEL, ass e Studententreffen, dat zanter 1984 am Prinzip all Joer organiséiert gëtt. Déi Treffe ginn am Kader vun engem Partenariat tëscht der Association des cercles d'étudiants luxembourgeois (ACEL), an deem Studentencercel, bei deem d'Treffen ass, organiséiert. Op der Generalversammlung vun der ACEL am Dezember stellen (gewéinlech zwéin) Studentencercelen hir Kandidatur, fir d'REEL z'organiséieren, an d'Vertrieder vun de Cercele wielen dann a watfir enger Stad d'REEL organiséiert gëtt.

Sënn vun der REEL[änneren | Quelltext änneren]

De Sënn vun enger REEL ass et aktuell Sujeten aus dem Studenteliewen, sief et vu politescher, ekonomescher mä och vu sozialer oder kultureller Natur, opzegräifen a se zesumme mam lëtzebuergeschen Héichschoulminister ze diskutéieren. Dat geschitt a Form vun Diskussiounsronnen, Workshoppen a Presentatiounen, woubäi och Kontakter mat der Aarbechtswelt geknëppt kënne ginn. Ausserdeem gëtt duerch déi gemeinschaftlech Aktivitéiten den Zesummenhalt an d'Frëndschaft tëscht de lëtzebuergesche Studentencercele weider verstäerkt.

De Programm vun enger REEL[änneren | Quelltext änneren]

Eng REEL dauert an der Reegel 4 Deeg (donneschdes bis sonndes). Nieft de Schwéierpunkte vun aktuelle Suergen a Fuerderunge vun de Studenten, steet d'REEL och all Joer ënner engem Motto. Dëst ass e generellt Theema, vu Bedeitung am europäesche Raum, wat et de Studenten erlaabt sech iwwer hir Discipline eraus mat Problematiken op europäeschem Plang auserneenzesetzen. D'REEL bitt ausserdeem d'Méiglechkeet déi jeeweileg Stad a Regioun kennenzeléieren a sech op kulturellem Plang weiderzebilden. Wirtschaftlech oder politesch Aspekter ginn ausserdeem duerch Visite vu Firmen an Institutioune méi no bruecht.

Duerch deen eemolege Rassemblement vun diverse Studenten aus verschiddene Fachrichtunge bitt d'REEL eng excellent Plattform fir Rekrutement an Informatiounsaarbecht. Vill Entreprisen ënnerstëtzen dëst Evenement an notzen d'Geleeënheet aus fir sech de Studente virzestellen.


REEL.ORG a.s.b.l.[änneren | Quelltext änneren]

Fir eng besser Kontinuitéit an d'Organisatioun vun dësem Studententreffen ze kréien, hunn d'Stroossbuerger Studenten am Joer 2006 dee wichtege Schrëtt ënnerholl, eng eege Vereenegung ze grënnen, d'REEL.ORG. De Kontakt zu Wirtschaft, Politik a Medie gouf duerch d'Kreatioun vun dëser a.s.b.l. verbessert. D'Acquisitioun vum Domain www.reel.lu erméiglecht eng dauerhaft Representatioun vun de Schwéierpunkten a Resultater vun deene vergaangene REELen.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

An dëse Stied gouf d'REEL bis elo ausgedroen

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]