Op den Inhalt sprangen

Rëntgen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Rëntgebild)
E Mann mécht eng Rëntge vun der Hand vun enger Fra.

Eng Rëntgen oder Röntgen, fachlech als Radiographie bezeechent, ass eng Technik, bei där e Kierper oder en Objet mathëllef vun engem Rëntgentüb bestraalt gëtt. D'Resultat gëtt a Form vu Biller duergestallt, déi ee Rëntgebiller, Rëntgenopnamen oder och Radiographien nennt. Si weisen déi bannescht Strukture vun deem Kierper oder Objet.

Déi Technik ass nom däitsche Physiker Wilhelm Conrad Röntgen, deen 1895 d'Rëntgestralen (och nach X-Stralen genannt) entdeckt huet.

Fonctionnement an Asaz

[änneren | Quelltext änneren]

Den Apparat, dee gebraucht gëtt fir déi Biller ze erstellen, gëtt Rëntgenapparat genannt. Fir e Bild z'erstelle sent e Rëntgenapparat Rëntgestralen aus, déi op de Kierper oder Objet geriicht sinn. Jee no Dicht a Kompositioun vum Material ginn ënnerschiddlech Quantitéite Rëntgestrale vum Kierper absorbéiert. D'Rëntgestralen, déi duerch de Kierper duerchdréngen, gi vun engem Detektor - entweder engem fotografesche Film oder engem digitale Sensor - opgefaangen. Deen Detektor läit hannert oder ënner dem Kierper a produzéiert eng iwwerlagert zweedimensional Duerstellung vun de banneschte Strukture vum Kierper.

Eng Tomografie ass eng méi avancéiert Form vun der Rëntgen, déi méi detailléiert dräidimensional Biller liwwert.

D'Rëntgentechnik gëtt virun allem an der Medezin agesat, zum Beispill fir Frakture vun de Schanken ze diagnostizéieren, an och an der Industrie, an där Material esou op Rëss oder Feeler iwwerpréift gëtt. Um Fluchhafe gi Rëntgenapparater beim Duerchliichte vun de Wallisse bei der Sécherheetskontroll agesat, an an der Fuerschung gi mat Rëntgebiller ënner anerem Konschtwierker, Artefakten, Fossiller oder Gestengsprouwen analyséiert.

 Commons: Rëntgen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]