Royal Harwood Frost

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) R. H. Frost)
Royal Harwood Frost
Gebuer 25. Februar 1879
Salem
Gestuerwen 11. Mee 1950
Nationalitéit USA
Aktivitéit Astronom

De Royal Harwood Frost, gebuer de 25. Februar 1879 zu Salem am Massachusetts a gestuerwen den 11. Mee 1950 zu Shreveport am Louisiana, war en US-amerikaneschen Astronom.

Hien huet vun 1896 bis 1908 am Harvard College Observatoire als astronomeschen Assistent ënner der Leedung vum E. C. Pickering geschafft, wou en den Asteroid (505) Cava, deen no enger mythologescher Figur vun den Inka benannt ass, entdeckt huet. Hie war mat der Caroline Eliza Mayhew bestuet, an hat dräi Duechteren an zwéi Bouwen.

Asteroidenentdeckungen: 1
(505) Cava 21. August 1902

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]