R. Paul Butler

Vu Wikipedia
R. Paul Butler
Gebuer 1960
San Diego
Nationalitéit USA
Educatioun San Francisco State University
Aktivitéit Astronom
Member vun American Academy of Arts and Sciences, International Astronomesch Unioun

De Robert Paul Butler, gebuer 1960 zu San Diego, Kalifornien ass en US-amerikaneschen Astronom, dee sech mat der Sich vun Exoplanéite befaasst. Hien ass Matentdecker vu villen Exoplanéiten.

De Paul Butler gouf als Jong vum Donal A. Butler an der Karen I. Butler gebuer. De Butler krut de Bachelor of Arts an der Physik (1985) an a Chimie (1986) an 1989 de Master of Science a Physik vun der San Francisco State University, mat enger Masteraarbecht beim Geoffrey Marcy. Säi Promotiounsstudium huet hien 1993 an der University of Maryland, College Park ofgeschloss. Haaptzil vu sengem Studium war den Entworf vun engem héichempfindleche Spektrograph fir d'Entdeckung vun Exoplanéiten iwwer den Nowäis vu Radialvitessännerunge vun de Mammestären.

1993 bis 1997 war hie Wëssenschaftler op der San Francisco State University a Visiting Fellow op der University of California, Berkeley. Vun 1997 bis 1999 war hien Astronom am Siding-Spring-Observatoire. Zanter 1999 ass hie wëssenschaftleche Mataarbechter am Carnegie Institut.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]