REEL Stroossbuerg 2006

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

D'REEL (Réunion européenne des étudiants luxembourgeois), déi zanter 1984 am Prinzip all Joer ausgedroe gëtt, gouf am Joer 2006 zu Stroossbuerg organiséiert. Vum 19. bis den 22. Oktober hu ronn 130 Lëtzebuerger Studenten, déi an 20 verschiddene Stied studéieren, un dësem Treffen deelgeholl. 13 Joer méi fréi, 1993, war d'REEL schonn eng Kéier Gaascht zu Stroossbuerg.

Ufank[änneren | Quelltext änneren]

Am Dezember 2005 huet d'Association des cercles d'étudiants luxembourgeois, kuerz ACEL, op hirer Generalversammlung de Lëtzebuerger Studenten zu Stroossbuerg d'Organisatioun vun der REEL 2006 uvertraut.

Theema[änneren | Quelltext änneren]

D'REEL 2006 stoung ënner dem Theema Les médias au cœur d'une Europe plurilingue.

Programm[änneren | Quelltext änneren]

Den éischten Dag ware Workshopen zu aktuelle Problematiken aus dem Studenteliewen. De Gesetzesprojet 5611 war Sujet vun enger gréisserer Debatt, aner Theme waren Studentekultur an de Studentebal. D'Participanten konnten duerno bei engem Rallye duerch Stroossbuerg d'Stad kenneléieren.

Den zweeten Dag hat ee moies de Choix tëscht Visitë vun der Brasserie Kronenbourg, dem Conseil de l'Europe oder der Televisiounschaine Arte. Am Nomëtteg konnte Kontakter mat Entreprisen intensifiéiert ginn, déi d'Evenement gesponsort hun.

Samschdes war den offiziellen Dag vun der REEL. Moies ass d'Diskussiounsronn mam Octavie Modert als Staatssekretärin vum Héichschoulministère iwwer d'Theemen, déi an de Workshope vum Donneschdeg ausgeschafft gi waren, diskutéiert ginn. Mëttes ass den Débat iwwer d'Theema vun der REEL 2006 Les médias au cœur d'une Europe plurilingue lancéiert ginn.

Sonndes, de leschten Dag, stoung fir d'Reelaner eng Visite vum Elsass um Programm, woubäi op der Route du Vin natierlech och eng Kellerei besicht gouf, ier d'REEL 2006 dann owes mat enger traditioneller elsässescher Tarte flambée ofgeschloss gouf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]