Op den Inhalt sprangen

RGB-Faarfmodell

Vu Wikipedia
En Diagramm, deen déi additiv Faarwe mat RGB weist
E faarwegt Bild (uewen) a seng eenzel R-, G- a B-Komponenten

Den RGB-Faarfmodell ass eng additiv Faarfmëschung, bei deem déi rout, gréng a blo Grondfaarwe vum Liicht op verschidde Weeër zesummegesat ginn, fir eng breet Pallett vu Faarwen ze reproduzéieren. Den Numm vum Modell kënnt vun den Ufanksbuschtawe vun den dräi genannte Faarwen: rout (R), gréng (G) a blo (B).

Den Haaptzweck vum RGB-Faarfmodell ass et fir Biller an elektronesche Systemer, wéi Fernseeën, Computeren, asw. ze detektéieren, ze representéieren an unzeweisen, e gëtt awer och an der konventioneller Fotografie an an der faarweger Beliichtung gebraucht.

Den RGB-Modell hänkt awer vun den Apparater of: verschidden Apparater erkennen oder reproduzéieren e bestëmmten RGB-Wäert anescht, well d'Faarfelementer (wéi Luminophoren oder Faarfstoffer) an hir Reaktioun op déi eenzel Niveaue vu Rout, Gréng a Blo vu Produzent zu Produzent oder souguer am selwechten Apparat mat der Zäit variéieren.

Typesch RGB-Input-Apparater si faarweg Tëleeën a Videokameraen, Billerscanner an Digitalkameraen; typesch RGB-Output-Apparater si Fernseeër mat verschiddenen Technologien (CRT, LCD, Plasma, OLED, Quantum Dots, asw.), Computer- an Handyecranen, Videoprojekteren, Multicolor-LED-Displayen a grouss Bildschiermer (wéi de Jumbotron).

Faarweg Imprimantë sinn dogéint keng RGB-Apparater, mä subtraktiv faarweg Geräter, déi typescherweis mam CMYK-Faarfmodell schaffen.

Eng Faarf gëtt am RGB-Faarfmodell beschriwwen andeems een ugëtt, wéi vill vun all de Faarwe Rout, Gréng a Blo abegraff ass. D'Faarf gëtt als Dräiergrupp (R, G, B) ausgedréckt an där all Komponent vun Null bis zu engem definéierte Maximalwäert variéiere kann. Wann all d'Komponenten op Null sinn (0, 0, 0), ass d'Resultat schwaarz; wann s'all um Maximum stinn, ass d'Resultat dat hellst Wäiss wat ka representéiert ginn.

 Commons: RGB-Faarfmodell – Biller, Videoen oder Audiodateien