RKD – Nederlands Instituut voor Kunstgescheidis
| RKD – Nederlands Instituut voor Kunstgescheidis | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Ofkierzung | RKD |
| Sëtz | Den Haag |
| Member vu(n) | International Federation of Library Associations and Institutions |
| Websäit | https://rkd.nl/ |
|
| |
Den RKD – Nederlands Instituut voor Kunstgescheidis (iwwersat: hollännescht Institut fir Konschtgeschicht) ass weltwäit ee vun de wichtegsten Dokumentatiounszentren fir Konschtgeschicht. Säi Sëtz ass zu Den Haag.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den RKD gouf 1932 mat enger Basissammlung vun hollännescher Konscht aus dem Ierwe vum Cornelis Hofstede de Groot ënnert dem Numm Rijksbureau voor Kunsthistorische en Ikonografische Documentatie (RKD) gegrënnt. Hautdesdaags besteet d'Kollektioun haaptsächlech aus europäescher Konscht vum Mëttelalter bis haut. Dozou gehéiere Biller, Zeechnungen, Skulpturen, souwéi Mediekonscht an Design. Do dernieft gëtt et nach e grousst Archiv vu Pressematerial, Fotoen an Dokumenter.
D'Institutioun bedreift eng Datebank mat méi wéi 225.000 Titelen iwwer Kënschtler an der iwwer 70.000 iwwer Konschtwierker. Den RKD publizéiert och déi hollännesch Versioun vum Art and Architecture Thesaurus.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: RKD – Nederlands Instituut voor Kunstgescheidis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (nl), (en) Internetsäit vum RKD
