RMS Titanic

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
RMS Titanic

D'Titanic bei bei enger Versuchsfaart den 2. Abrëll 1912
Technesch Donneeën (Iwwerbléck)
Schëffstyp: Passagéierdampfer
Klass: Olympic-Klass
Asaz: Transatlantesche Linneverkéier
Tonnage: 46.329 BRT
Verdrängung: 53.147 t
Längt: 269,04 m
Breet: 28,19 m
Déifgank: 10,54 m
Héicht (mam Schaarschtech): 56 m
Schëffsmotoren: 3 Propeller,
2 Véierzylinder-Kolwendampmaschinnen,
1 Nidderdrock-Parsonsturbinn
Leeschtung: 51.000 n.h.p.
Vitess: 21 Kniet Standard
zirka 24 Kniet max.
Passagéierplazen: 750 Éischt Klass
550 Zweet Klass
1100 Drëtt Klass
Equipage: 897
Bauufank: 31. Mäerz 1909
Stapellaf: 31. Mee 1911
A Betrib geholl: 2. Abrëll 1912
Schicksal: ënnergang de 15. Abrëll 1912

D'RMS Titanic war e Passagéierschëff. Proprietär war déi brittesch Oceanic Steam Navigation Company, déi vun 1901 un zur Reedereigrupp International Mercantile Marine Company vum US-amerikanesche Banquier J. P. Morgan gehéiert huet. Si koum 1912 nei aus der Werft .

D'Schëff war fir de Linnendéngscht op der Route SouthamptonCherburgQueenstownNew York, New York–Plymouth–Cherburg–Southampton virgesinn a sollt nei Moosse setzen, wat de Confort ugeet. Ee komplette Reesezyklus (hin an zeréck) huet deemools nach dräi Woche gedauert. Fir zu engem wochentlechen Horaire iwwergoen ze kënnen, goufen dräi nei Schëffer vun der Olympic-Klass gebaut. D'Titanic war eent vun deene Schëffer.

Schonn op hirer éischter Rees ass si an der Nuecht vum 14. op de 15. Abrëll 1912 géint 23:40 Auer op en Äisbierg gerannt an ass zwou Stonnen a véierzeg Minutte méi spéit am Nordatlantik ënnergaangen. Bei Temperaturen ënner 0 °C sinn tëscht 1490 a 1517 vun den 2200 Persounen u Bord ëmkomm. Opgrond vun der héijer Zuel vun Affer zielt den Ënnergank vun der Titanic nach ëmmer zu de gréisste Schëffkatastrophen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: RMS Titanic – Biller, Videoen oder Audiodateien