Radio Gutt Laun

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
De Logo vum RGL

De Radio Gutt Laun, kuerz RGL, ass e lokale Radiossender zu Lëtzebuerg, deen zanter 1984 (deemools a bis 1992 nach als "Radio Stereo ERE 2000") vun Esch-Uelzecht aus sent (Antenn Gaalgebierg).

Uganks gouf en op der UKW-Frequenz 106,00 MHz ausgestraalt. Zanter dem 1. Juli 2015 kritt een de Programm op senger neier Frequenz 96,60 MHz. E kann och am Escher Kabel op 103.5, iwwer d'Tëlee vun der Post, an als Livestream iwwer den Internet empfaange ginn.

Gesent gëtt op UKW an iwwer Kabel all Dag, ausser freides vun 19 bis samschdes 7 Auer, a sonndes vun 19 bis méindes 7 Auer (do ass de Radio Classique vu Biergem ze héieren). Iwwer d'Tëlee vun der Post an den Internet leeft de Programm awer och déi Zäit weider.

144 Stonne Programm pro Woch kommen aus dem Schëfflenger Studio.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]