Op den Inhalt sprangen

Radiosender

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Sendere vu Jonglënster (hannen) a Beidler (vir)

E Radiosender (oder Radiossender, och alt Radiosstatioun), ëmgangssproochlech dacks just als Sender bezeechent, ass eng Entitéit (eng Entreprise, Asbl, …) déi e Radiosprogramm organiséiert, en ausstraalt an d'Verantwortung dofir iwwerhëlt. Et gëtt tëscht ëffentlech-rechtlechen a private Senderen ënnerscheet, woubäi een déi privat nach a kommerziell an an net-kommerziell Senderen opdeele kann.

Eng Entitéit kann e puer Programmer mat verschiddenen Nimm op ënnerschiddleche Frequenze senden. Esou ass den ëffentlech-rechtlechen däitsche Südwestrundfunk (SWR) nieft verschiddene Radiosenderen (ë. a. SWR1, SWR Kultur, SWR3, SWR4, …) och fir den Televisiounsprogramm SWR Fernsehen verantwortlech.

Am technesche Sënn versteet een ënner Sender och d'Anlag fir elektromagnéitesch Wellen ze generéieren an auszestralen. D'Radiosignal, dat vun dëse Funkwellen iwwerdroe gëtt, de Radiosprogramm, ass fir de Public geduecht, deen et iwwer e Radio empfänken a lauschtere kann.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Sender (Anlag).

D'Frequenz iwwer déi gesent gëtt, dacks och Kanal genannt, kann am Beräich vun de Laang-, Mëttel- Kuerz- oder Ultrakuerzwelle leien a gëtt mat LW, MW, KW, UKW ofgekierzt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Frequenzband.