Rafle du Vélodrome d'hiver

Vu Wikipedia

Mat Rafle du Vélodrome d'hiver oder Rafle du Vel' d'hiv' ass eng Razzia gemengt, bei där de 16. a 17. Juli 1942 déi franséisch Police eng 13.000 Judden (dorënner iwwer 4.000 Kanner) aus Paräis an der Ëmgéigend festegeholl huet an am Vélodrome d'Hiver (Vél' d'Hiv genannt) fir e puer Deeg agepercht huet, ier se dann, iwwer Sammellagere baussent Paräis, an d'Vernichtungslager an Osteuropa deportéiert goufen.

D'Pläng vun der Deportatioun vu virun allem apatriden an auslännesche Judde goufen zesumme vu franséische Beamte vum Vichy-Regime a vun däitschen, 1942 ënner dem Code-Numm Opération Vent printanier ausgeschafft. Déi meescht vun hinne ware Flüchtlingen aus Osteuropa, Däitschland, Éisträich an aus der Tschechoslowakei. D'Rafle war iwwerhaapt eréischt méiglech ginn, well en Dekreet vun der däitscher Besatzung vum 21. September 1940, d'jiddesch Bevëlkerung an der Besater Zon gedoen hat, sech registréieren ze loossen (zënter 1874 gouf et keng Regëschteren iwwer Reliounszougehéieregkeet). D'franséisch Police krut d'Lëscht vun de betraffene Leit, Fichier Tulard genannt (nom André Tulard, dem Chef vun den "Affaires juives" an der Paräisser Préfecture).

D'Rafle du Vel' d'Hiv war net déi éischt Rafle vu jiddesche Leit a Frankräich. Schonn de 14. Mee 1941 goufen eng 4.000 Männer festgeholl an op d'Gare d'Austerlitz bruecht, vu wou se op Pithiviers a Beaune-La-Rolande bruecht goufen.

De René Bousquet, Generalsekretär vun der Police nationale, an de Louis Darquier de Pellepoix, Chef vun den "Affaires juives" sinn de 4. Juli 1942 an d'Haaptquartéier vun der Gestapo gaangen, fir d'Ausféierung mam Theodor Dannecker an dem Helmut Knochen vun der SS ze beschwätzen. Si ware vun aneren héichrangeche Policeoffiziéier begleet. D'Rafle gouf e puer Deeg no hanne verluecht, fir net mam Quatorze juillet zesummenzefalen, deen zwar net gefeiert huet dierfe ginn, mee 't wollt ee keng Onroue provozéieren. Fir et der franséischer Police manner "pénibel" (sou de Bousquet) ze maachen, gouf decidéiert, nëmme Judden, déi keng Fransouse wieren, festzehuelen.

Op d'mannst 4.500 franséisch Poliziste waren un der Rafle bedeelegt. Der Préfecture de police no goufen am Ganzen 13.152 Leit festgeholl, dorënner 5.802 (44%) Fraen an 4.051 (31%) Kanner. Eng onbekannt Zuel vu Leit, déi entweeder vun der Resistenz gewarnt goufen, sech bei Nopere verstoppe konnten, oder well verschidde Polizisten (express oder net) sech net extra geflass hunn, konnten der Rafle entwutschen.

Déi meescht vun de verhafte Leit goufen an engem Vëlodrom zesummegepercht, ënner deem sengem gliesenen Daach et daagsiwwer vun Hëtzt bal net auszehale war. Et gouf keng Toiletten, just ee Krunn mat Waasser, an déi wéineg Hëllefsorganisatiounen, déi erbäigeruff goufen, konnte just wéineg Waasser an Iesse bréngen. 5 Deeg waren d'Leit do agespaart, an 30 vun hinne sinn do gestuerwen (e puer dovun hu sech d'Liewe geholl). Déi Erwuesse goufe schliisslech a Gefaangenelageren zu Drancy, Beaune-la-Rolande a Pithiviers bruecht, vu wou aus se da mat Zich an d'KZ Auschwitz-Birkenau transportéiert goufen.

Commemoratioun[änneren | Quelltext änneren]

Gedenkplack op der Plaz wou de Vel' d'Hiv' stoung

D'Bedeelegung vun der franséischer Vichy-Regierung an der franséischer Police un där Aktioun war nom Krich Joerzéngte laang en Tabuthema a Frankräich. Eréischt de 16. Juli 1995 huet sech den deemolege Staatspresident Jacques Chirac ëffentlech entschëllegt.[1]

Ee Joer virdrun, 1994, war op där Plaz, wou bis 1959 de Vëlodrom stoung, e Monument mat enger Commemoratiounsplack ageweit ginn. D'Monument ass vum Architekt Mario Azagury a vum polnesche Sculpteur Walter Spitzer, deen Auschwitz iwwerlieft huet.

Zënter ongeféier dem Joer 2000 ass de 16. Juli oder de Sonndeg dono eng Journée nationale à la mémoire des victimes des crimes racistes et antisémites de l'État français et d'hommage aux «Justes» de France.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Maurice Rajsfus: Jeudi noir. L'Harmattan, Paris 1988, ISBN 2-7384-0039-6 .
  • Maurice Rajsfus: La Rafle du Vél' d'Hiv’, Que sais-je ?, éditions PUF.
  • Érik Orsenna: L'Exposition coloniale, France loisirs, Paris 1988, ISBN 2-7242-4362-5, Kapitel Vélodrome d'hiver
  • Claude Lévy, Paul Tillard: La Grande rafle du Vel d'Hiv (16 juillet 1942). Robert Laffont, Paris 1967 (frz.). Als Täschebuch: 2002, ISBN 2-221-09750-5
  • Daniel Goldenberg, Gabriel Wachman: Evadé du Vél'd'Hiv. Calmann-Lévy, Paris 2006. ISBN 978-2-7021-3651-5.
  • Käthe Hirsch: Im Pariser Sammellager Vélodrome d'Hiver. In: Hanna Schramm, Barbara Vormeier (Hrsg.): Menschen in Gurs. Erinnerungen an ein französisches Internierungslager 1940 – 1941. Annexe mat Dokumenter iwwer déi franséisch Internéierungspolitik S. 246 - 384. Heintz, Worms 1977, ISBN 3-921333-13-X, S. 332 - 334. (= Deutsches Exil 1933 - 1945, Band 13)
  • Serge Klarsfeld: Vichy-Auschwitz: Le rôle de Vichy dans la Solution Finale de la question Juive en France- 1942. Paris: Fayard, 1983.
  • Annette Muller, Manek Muller: La petite fille du Vel d'Hiv. Du camp d'internement de Beaune-la-Rolande 1942 à la maison d'enfants du Mans 1947. Cercil, Paris 2010 ISBN 2950756174; wieder Hachette, 2012 ISBN 2013232918 (Zäitzeien)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: The Holocaust in France – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Allocution de M. Jacques CHIRAC Président de la République prononcée lors des cérémonies commémorant la grande rafle des 16 et 17 juillet 1942 (Paris)."