Rainald I. vu Geldern

Vu Wikipedia
Rainald I. vu Geldern
Gebuer 1255 jul.
Gestuerwen 9. Oktober 1326 jul.
Montfort
Famill
Bestuet mat Marguerite vu Flandern, Ermengard vu Limburg, Ermengard vu Limburg
Papp Otto II.
Mamm Philippa vun Dammartin
Kanner Rainald II.

De Rainald I. vu Geldern, gebuer ëm 1255 a gestuerwen den 9. Oktober 1326 zu Montfort, genannt de Kläpper, war vum 10. Januar 1271 bis 1320 Grof vu Geldern a vun 1280 bis 1288 och Herzog vu Limburg.

Hie war de Jong vum Otto II. an de Papp vum Rainald II., sengem eenzege Jong aus zweetem Bestietnes.

Nom Doud vu sengem Schwéierpapp Walram V. vu Limburg gouf hien 1280 duerch Recht op de Besëtz vu senger Fra Irmgard Herzog vu Limburg. Wéi d'Irmgard 1283 ouni Kanner gestuerwen ass, koum et zum Sträit, wien elo Limburg kréich, well och der Imgard hire Koseng, de Grof Adolf V. vu Berg, Limburg als Ierfschaft revendiquéiert huet. Doduerch koum et zum Sträit ëm d'Limburger Ierffolleg dee geschleeft huet, bis en de 5. Juni 1288 an der Schluecht vu Worringen entscheet gouf. De Rainald huet déi Schluecht verluer, gouf gefaangegeholl, an eréischt nees fräigelooss, nodeems en ausdrécklech op Limburg verzicht hat.

Duerno war de Rainald sou verschëlt, datt en d'Grofschaft Geldern vun 1288 bis 1293 dem Grof vu Flandern als Pand iwwerlooss huet. Ënnert dëser flandrescher Herrschaft gouf eng modern an effektiv Territorialadministratioun opgebaut.

1306 huet en d'Karmeliterklouschter Geldern gestëft.

1320 huet säi Jong Rainald II. eng Rebellioun géint säi Papp ugefouert, deen no der Schluecht vu Worringen net méi richteg am Kapp soll gewiescht sinn. De Rainald I. gouf gefaangegeholl, an ass 1326 am Prisong gestuerwen.

E gouf den 21. Oktober 1326 am Klouschter Graefenthal begruewen.

Kanner[änneren | Quelltext änneren]

Mat der Margareta vu Flandern († 1331) aus dem Haus Dampierre, der Duechter vum Grof Guido I. vu Flandern an Namouer, déi en 1286 bestuet hat, hat hien dës Kanner:

  • Rainald II. (* 1295; † 1343)
  • Guido († no 1315)
  • Philipp († jonk)
  • Elisabeth († 1355), Äbtissin vu St. Klara zu Köln
  • Philippa († 1352), Nonn vu St. Klara zu Köln
  • Margarethe, ∞ Dietrich IX. vu Kleve

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Paul Moors: Reinoud I ca. 1258–1326, Graaf van Gelre. In: Biografisch Woordenboek Gelderland. Band 4. Verloren, Hilversum 2004, ISBN 90-6550-800-7, S. 98–104.
  • Ralf G. Jahn: Die Genealogie, der Vögte, Grafen und Herzöge von Geldern. In: Johannes Stinner, Karl-Heinz Tekath (Hrsg.): Gelre – Geldern – Gelderland. Geschichte und Kultur des Herzogtums Geldern (= Herzogtum Geldern. Bd. 1 = Veröffentlichungen der Staatlichen Archive des Landes Nordrhein-Westfalen. Reihe D: Ausstellungskataloge staatlicher Archive. Bd. 30). Verlag des Historischen Vereins für Geldern und Umgegend, Geldern 2001, ISBN 3-9805419-4-0, S. 29–50.