Rainer Holbe
| Rainer Holbe | |
|---|---|
| Gebuer |
10. Februar 1940 Chomutov |
| Gestuerwen |
15. August 2025 Frankfurt am Main |
| Nationalitéit | Däitschland |
| Aktivitéit | Fernseemoderator, Journalist, Radiosspeaker, Schrëftsteller, Schauspiller, Publizist |
| Famill | |
| Kanner | Julia Holbe |
|
| |
De Rainer Holbe, gebuer den 10. Februar 1940 zu Chomutov am haitegen Tschechien, a gestuerwen de 15. August 2025 zu Frankfurt am Main[1], war en däitsche Radios- an Tëleesanimateur.[2]
Hien ass zu Frankfurt am Main opgewuess, huet eng Léier als Editeur gemaach an dono als Stagiaire an dann als Redakter bei der Dageszeitung Frankfurter Rundschau geschafft. No enger Tëschestatioun beim Burda-Verlag huet hie vun 1968 bis 1980 am ZDF d'Show Starparade moderéiert. Vun 1973/1974 u war de Rainer Holbe Speaker beim däitsche Radiosprogramm vu Radio Lëtzebuerg. Vun 1984 u war hien och beim dunn nei gegrënnten däitschen Tëleesprogramm vun RTL, RTLplus (méi spéit: RTL Television), mat derbäi.
Seng bekanntste Sendungen, am Radio wéi op der Tëlee, waren Unglaubliche Geschichten, wou e (pseudo)mysteriéise Phenomener op d'Spuer goung.
Dono huet hien nach geleeëntlech Artikelen a Rubricke fir ë. a. d'Luxemburger Wort an d'Frankfurter Rundschau geschriwwen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Marc Thill: Rainer Holbe ist tot: Die Stimme des Staunens ist verstummt." wort.lu, 15.08.2025.
- ↑ Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Michael Juchmes: "Rainer Holbe: 'Wir hätten auch mit nacktem Arsch moderieren können' - Zur Person. wort.lu, 17.01.2024.
