Rainhill Trials

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Zeechnung vun de Rainhill Trials mat vir riets am Bild dem Stevenson seng Rocket
D'Rocket vum Stephenson am Science Museum vu London.
D'Sans Pareil am Shildon Railway museum

D'Rainhill Trials waren e Concours fir Damplokomotiven deen de 6. Oktober 1829 bei der englescher Uertschaft Rainhill an der Grofschaft Merseyside ausgedroe gouf a bei deem sech d'Lokomotiv The Rocket déi vum George a Robert Stephenson zesumme mam Henry Booth gebaut gi war, duerchsetze konnt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Beim Bau vun der éischer grousser Eisebunnsstreck Manchester-Liverpool, op där den George Stephenson Chefingenieur war, sollten Méiglechkeete fir de Gebrauch vun Damplokomotive bei engem Concours festgestallt ginn. De Concours gouf op engem Stéck vun der Streck dat bei Rainhill scho fäerdeg war, ofgehalen. D'Konditioune vum Concours waren, datt d'Lokomotive manner wéi sechs Tonne sollte weien a bei enger Vitess vu 16 km/h dat dräifacht vun hirem Gewiicht zéie konnten. Vun den zéng ageschriwwenen a schliislech fënnef selektionéierte Maschinne waren der zum Schluss nach just dräi um Depart an zwar d'Sans Pareil vum Timothy Hackworth, d'Novelty vun Ericson & Braithwaite an d'Rocket vum Stephenson.

Lokomotiven[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Sans Pareil vum Hackworth hatt en U-fërmege Flamerouer an d'Dreifwierkskonstruktioun (2 Achsen déi mat Kupplungsstaange verbonne waren) huet där vun enger fréier Lok der Royal George vun 1827 geglach. Si konnt 14,5 t mat 22,3 km/h respektiv 61 t mat 16,1 km/h zéien. Wéinst engem Zylinderschued huet se vill Damp verluer a si hat och nach e Pompelschued sou datt se sech net klasséiere konnt.
  • Déi méi kleng Novelty vu Braithwaite & Ericsson hat vertikal Zylinderen an d'Rieder goufe mat Hëllef vun engem Wénkelhiewel an enger Dreifstaang ugedriwwen. De Kessel war en zylindresche Stéikessel mat enger konzentrescher Feierbéchs an den Damp gouf duerch e spiralfëmegen Damprouer gefouert deen an dräi Zich an engem Laangkessel louch. D'Verbrennungsloft gouf vun engem Gebléis erablosen. Se hat eng Leeschtung vun 8,1 t bei 24,1 km/h respektiv 28,9 t bei 12,9 km/h. Et war déi Lokomotiv déi den niddregste Verbrauch hat, huet awer wéinst engem Kesselschued missen opginn.
  • D'Rocket vum Stephenson hat en direkten Undriff op eng Achs mat zwéi schif gestallten Zykinderen. Se hat e separate Stéikessel verbonne mat engem Heizrouerkessel mat 25 koffer Heizréier. De Stéikessel dee vun do un zu all konventioneller Damplokotmotiv gehéiert huet war e rechteckege Behälter mat enger duebeler Wand wovun déi bannenzeg d'Feierbécks mat der Feierung war, an tëscht den zwou Wänn war d'Waasser dat soll verdämpt ginn. D'Wänn ware mat Boulone verbonne fir den Drock opzehuelen. Déi Konstruktioun huet eng grouss Rouschtfläch méiglech gemaach grad sou wéi grouss eng grouss Stralungsheizfläch mat intensiver Verdämpung. E Bëndel vu Réier am Laangkessel duerch déi de Verbrennungsdamp gezunn ass, huet d'Kontaktfläch mam Waasser nach vergréissert, woduerch d'Produktioun vum Waasserdamp an d'Luucht gedriwwe gouf. D'Rocket hat domat zwar méi eng grouss Heizfläch wéi hir Konkurenten, awer hir Dampleeschtung an d'Betribsresultat (12,9 t Laascht bei 22,2 km/h, Leeschtung: 12 PS; spéider: 40,6 t bei 21,6 km/h respektiv 20 PS) war méi niddreg wéi déi vun der Sans Pareil mat hirem efficacë Blosrouer. Si huet sech awer als am betriibsséchersten erwisen a konnt den éischte Präis vu 500 Pond gewannen. De Stephenson gouf och domat de potentielle Kandidat deen d'Lokomotive fir déi nei Streck liwwere konnt.