Rampli (Mound)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Ramplien um Mound si meeschten d'Wänn vu Grousskrateren. Si hunn Duerchmiesser tëscht ronn 60 an 300 km.

Kraterbuedem[änneren | Quelltext änneren]

De Buedem an deene Kratere ka vu klenge Krateren, Hiwwelen oder Rillen bedeckt sinn. E läit gewéinlech méi déif wéi den Terrain ronderëm a wéinst der Krëmmung vun der Moundkugel mécht dat bei déiwem Sonnestand interessant Beliichtungseffeter bei den Terrassen am Terrain an op de Kraterränner. D'Verhältnes vun der Ramplishéicht zum Duerchmiesser läit duerchschnëttlech bei 1:40 bis 1:80. Een Astronaut, deen am Zentrum steet, kéint dofir de Rampli dacks net méi gesinn, well de Mound vill méi kleng wéi d'Äerd ass seng Uewerfläch 4-mol méi staark gekrëmmt ass.

Kraterwand[änneren | Quelltext änneren]

Ramplie si bei de Grousskrateren tëscht 1 a 5 km héich, dacks staark gegliddert a vu Grief oder Schluchten duerchzunn. Kleng Krateren a Buedemverrutschunge kënnen de Rampli ënnerbriechen. Déi bannenzeg Wänn sinn heiansdo terrasséiert a vill méi géi. Dee bei klenge Krateren heefegen Zentralbierg gëtt et bei Grousskrateren net, well d'Dynamik vum Meteorittenaschlag méi groussraimeg ass.

Kratere mat grousse Ramplien a grousse flaache Flächen um Katerbuedem sinn:

  • Clavius (zirka 200 km, am südlechen Héichland)
  • Ptolemäus (zirka 150 km, no bei der Moundmëtt)
  • Posidonius (100 km, nordwestlech vun der Moundmëtt)
  • Schickard (zirka 200 km, no beim Südwestrand) an de
  • Bailly - mat 300 km dee gréisste Rampli; direkt um Südwestrand vum Mound, dofir nëmme staark verzunn ze gesinn.