Ramskapelle (Knokke-Heist)

Vu Wikipedia
Ramskapelle
Land Belsch
Regioun Flandern
Communautéit Flämesch Communautéit
Provënz Provënz Westflandern
Arrondissement Bruges
Gemeng Knokke-Heist
Fläch 561
Koordinaten 51° 18’ 54’’ N
      03° 15’ 02’’ O
Telefonszon 050
Postcode 8301
Vue op Ramskapelle

Ramskapelle ass eng kleng Uertschaft an der belscher Provënz Westflandern an een Deel vun der Gemeng Knokke-Heist. Ramskapelle läit an der Géigend mat dem Numm De Polders.

Ramskapelle ass eng landwirtschaftlech Uertschaft an eng Wunngemeng. D'Landschaft ass flaach a gëtt als typesch Polderlandschaft betruecht. Vu Ramskapelle aus gesäit een den Hafe vu Zeebrugge.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Sint-Vincentiuskierch, en neogotescht Bauwierk vun 1863 - 1864. Den Tuerm ass en Iwwerrescht vun der vireger Kierch aus dem 13. a 14. Joerhonnert.
  • Verschidde laangestreckt eestäckeg Gebaier, déi typesch si fir déi Géigend.
  • De Kruier, eng stenge Wandmille vun 1897[1].

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ramskapelle (Knokke-Heist) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Internetsite vum Kruier, Wandmillen a Restaurant