Ranga Yogeshwar

Vu Wikipedia
Ranga Yogeshwar
Ranga Yogeshwar auf der Frankfurter Buchmesse 2017 (cropped).jpg
Gebuer 18. Mee 1959
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Dikrecher Kolléisch
Aktivitéit Televisiounsmoderateur, Schrëftsteller
Wikidata-logo-without-paddings.svg
Ranga Yogeshwar signature.svg

De Ranganathan ("Ranga") Yogeshwar, gebuer den 18. Mee 1959 zu Lëtzebuerg, ass en Diplom-Physiker, deen als Redakter a Moderater bei der däitscher Televisiounschaîne WDR geschafft huet.

De Ranga Yogeshwar ass d'Kand vun engem indeschen Ingenieur an enger lëtzebuergescher Konschthistorikerin an den Enkel vum indesche Bibliothecaire an Erfinder vun der Colon-Klassifikatioun, dem S. R. Ranganathan (1892–1972).

Hien ass an Indien an zu Lëtzebuerg an d'Primaireschoul gaangen, an huet säi Secondaire am Lycée Classique zu Dikrech gemaach, wou en och Musek studéiert huet.

Duerno huet hien op der RWTH zu Oochen experimentell Physik mat de Schwéierpunkten "Experimentell Elementarpartikelphysik an Astrophysik" studéiert an dee Studium mat engem Diplom ofgeschloss. Nom Studium huet hien eng Zäit am Schweizer Institut für Nuklearforschung (SIN), um CERN zu Genf an um Fuerschungszentrum vu Jülich geschafft.

Vun 1983 un huet hien ufanks bei verschiddene Verlagshaiser, duerno beim Radio an der Televisioun geschafft. 1987 huet hie beim Jean Pütz beim Westdeutsche Rundfunk zu Köln als Redakter geschafft, mat deem e bis 1990 an der Wissenschaftsshow zesummen opgetrueden ass.

1993 krut de Yogeshwar seng eegen Emissioun, Quarks & Co, déi hie bis 2019 moderéiert huet.

Aner Emissiounen, déi en, eleng oder mat anere moderéiert huet, waren Kopfball, Globus, Wissenschaft live, an, zanter 2006, W wie Wissen an Die große Show der Naturwunder (mam Frank Elstner).

Hanner de Kulisse war de Yogeshwar vun 1995 bis 2001 delegéierten Direkter a vun 2001 bis 2005 Direkter vun der Programmgruppe Wissenschaft Fernsehen vum WDR.

De Ranga Yogeshwar lieft zu Hennef, ass bestuet an huet 4 Kanner.

Hien huet en Zwillingsbrudder, deen och Physiker ass, an eng méi jonk Schwëster. Säi Papp, deen och Ranga Yogeshwar heescht, hat eng kleng Roll am lëtzebuergesche Film Congé fir e Mord.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Ranga Yogeshwar, Robert Müller: Aids. Was ist Aids? Fragen und Antworten. vgs, Köln 1987, ISBN 3-8025-1245-6
  • Der Kunststoffreport
  • Risiko und Chancen: Asbest.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • Helmut Schmidt Journalistenpreis (1998)
  • Georg von Holtzbrinck Preis für Journalistik (1998)
  • Deutscher Denkmalschutzpreis (1998)
  • Preis der deutschen Influenzagesellschaft (1998)
  • Journalistenpreis der Deutschen Gesellschaft für Ernährung (1996 an 2001)
  • Grand Prix vum Ekotop-Filmfestival (1997 an 1998)
  • Preis der Bundeszahnärztekammer (1999)
  • Eduard-Rhein Kulturpreis (2000)
  • Essener Universitätspreis (2000)
  • Prix Leonardo Parma (2001, vun der Fondazione Medikinale International Parma)
  • En Asteroid, den (20522) Yogeshwar gouf 2001 no him benannt.
  • Prix medial (2002)
  • Oskar-von-Miller-Medaille in Gold (2002, vum Deutsche Museum zu München)
  • Medaille für Naturwissenschaftliche Publizistik (2002, vun der Deutsche Physikalische Gesellschaft)
  • Besondere Ehrung des Deutschen Volkshochschul-Verbandes (2003)
  • Bornheimer (2004, e pedagogeschen Éierepräis vun der däitscher Europaschoul vu Bornheim)
  • Preis für Wissenschaftspublizistik (2006, vun der Deutsche Gesellschaft für Psychologie)
  • Die Saure Gurke 2006
  • Minerva Preis Jülich 2006
  • Deutscher IQ-Preis 2007 vu Mensa in Deutschland
  • Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2018)[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ranga Yogeshwar – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Xavier Bettel zeichnet Jean Pütz, Ranga Yogeshwar und Tom Hillenbrand aus." Communiqué, gouvernement.lu, 20.02.2018.