Ranger 5

Vu Wikipedia
Ranger 5
Ranger 5
Missioun Fotograféiere vum Äerdmound
COSPAR-Bezeechnung 1962-055A
Drorrakéit Atlas-Agena-B
Optrag vun der NASA
Startmass 342 kg
Start 18. Oktober 1962
Startplaz CCAFC LC-12
Enn 21. Oktober 1962

D'Ranger 5 war eng Raumsond vun der US-amerikanescher Raumfaartagentur NASA. Et war déi fënneft Sond am Kader vum Ranger-Programm fir d'Erfuersche vum Äerdmound. Genee wéi d'Ranger 3 an d'Ranger 4 gouf si am sougenannte Block-II-Design gebaut an hat e Gewiicht vun 342 Kilogramm. Wéi hir Virgänger sollt d'Sond Biller vun der Mounduewerfläch maachen an déi op d'Äerd schécken. Et war geplangt, kuerz virum Moundopschlag eng Kapsel mat seismeschen Instrumenter ofzesetzen. Déi hätten da mat enger autonomer Batterieversuergung zirka 30 Deeg laang Daten op d'Äerd geschéckt. D'Biller vun der Uewerfläch sollte wéi bei deene béiden anere Missiounen an de leschten zéng Minutte virum Opprall gemaach ginn.

D'Missioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Ranger 5 war den 18. Oktober 1962 u Bord vun enger Atlas-Agena-B-Rakéit vun der Startramp LC-12 op der Cape Canaveral Air Force Station gestart ginn.

Nom Erreeche vun der Äerdëmlafbunn war den Aschoss op eng Bunn a Richtung Mound gelongen. No aacht Stonnen a 44 Minutten war d'Stroumversuergung dunn zesummegebrach, sou datt wichteg Kurskorrekturmanöveren net gemaach konnte ginn. D'Ranger 5 huet de Mound ëm 725 Kilometer verfeelt a koum an eng heliozentresch Ëmlafbunn. Véier Stonne laang hat de Gammastralespektrometer Wäerter un d'Buedemstatioun geliwwert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]