Ranger 7

Vu Wikipedia
Ranger 7
D'Moundsond Ranger 7
Typ Moundsond
Land  USA
Agentur NASA
COSPAR-Bezeechnung 1964-041A
Missioun Fotograféiere vum Äerdmound
Mass 365 kg
Start 28. Juli 1964
Startplaz CCAFC LC-12
Drorakéit Atlas-Agena-B
Status 31. Juli 1964: Opschlag um Äerdmound
Foto vum Guericke Krater aus enger Distanz vun 1.335 Kilometer.

D'Ranger 7 war eng Raumsond vun der US-amerikanescher Raumfaartagentur NASA. Et war déi siwent Sond am Kader vum Ranger-Programm fir d'Erfuerschung vum Äerdmound. Grad wéi d'Ranger 6 gouf si am Block-III-Design gebaut. D'Gewiicht war 365 Kilogramm. Am Géigesaz zu Ranger 6 gouf et e verbesserte Schutz viru Kuerzschlëss. Wéi déi fréier Missioune sollt si an de leschte Minutte virum Opschlag Biller vun der Mounduewerfläch maachen an op d'Äerd schécken.

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Ranger 7 gouf den 28. Juli 1964 u Bord vun enger Atlas-Agena-B-Rakéit vum LC-12 vun der Cape Canaveral Air Force Station gestart. Nom Erreeche vun der Parkbunn op 192 Kilometer Héicht gouf d'Agena-Uewerstuf gezünt an d'Ranger 7 huet Kurs op de Mound geholl. Den 31. Juli 1964 um 13:08 Auer gouf dann aus enger Héicht vun 2.110 Kilometer dat éischt Bild vun der Äerdmounduewerfläch geholl. Am Ganzen hat d'Ranger 7 an de leschte 17 Minutte virum Opschlag um Mound 4.305 Biller an enger exzellenter Qualitéit opgeholl. Dat lescht Bild virum Opschlag hat eng Opléisung vun 0,5 Meter. D'Ranger 7 war no engem Fluch vun 68 Stonne mat enger Vitess vun 2,62 km/s am Mare Nubium opgeschloen.

D'Missioun war en Erfolleg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ranger Block 3 – Biller, Videoen oder Audiodateien