Rankbierg

Vu Wikipedia
Moundkrater Theophilus (Apollo 16, NASA)

Als Rankbierger bezeechent ee grouss Moundkratere mat engem Duerchmiesser tëscht 60 km a ronn 150 km. De Kraterrand vu sou Bierger entsteet beim Meteoritenaschlag als Ausworf vu staark kompriméiertem Material. D'Gestengs vu Rankbierger gëtt als Lunarit bezeechent.

Rankfërmeg Strukturen duerch Asteroiden-Aschléi[änneren | Quelltext änneren]

Wann e Meteorit - bei gréissere Kierper Asteroid genannt - aus dem Weltraum erofstierzt, huet hien eng Vitess vu 10 bis 70 Kilometer pro Sekonn (30- bis 200-fach ierdesch Schallvitess). Beim Opprall dréngt n an e puer Millisekonne bis zu 100 Meter an d'Gestengs eran. An dësem kuerze Moment gëtt déi ganz kinetesch Energie vum Meteorit a Wäermt ëmgewandelt an de Kierper explodéiert. D'Material ronderëm gëtt kegelfërmeg ewechgesprengt; um Rand vum geformte Becken entsteet en Deel dovun als Rampli.

Wann e groussen Objet oder en Objet mat ganz grousser Vitess aschléit, fiedert d'Uewerfläch zeréck a formt en Zentralbierg. Beim Fall vun enger Kugel an d'Waasser geschitt bal dat selwecht: eng Drëps spréngt an der Mëtt héich. D'Schréi vun de bannenzegen Häng vum Rampli läit bei 20-30°, déi baussenzeg ass 2-3-mol méi flaach. Béides hänkt vum Asteroidematerial a vum Moundbuedem of, souwéi vun der Vitess an dem Opprallwénkel.

De riets duergestallte Moundkrater Theophilus ass eng 105 km grouss kreesfërmeg Dällt am Buedem vum Äerdmound no bei der visueller Moundmëtt an entstoung viru ronn 2 Mrd. Joer. Säi Rampli huet Héicht vu bal 7 km. Déi terrassefërmeg bannenzeg Häng maachen aus him ee vun de schéinsten Objeten um Mound. Vun där Gréisst huet den Äerdmound der e puer Dosen.

Bedeitend Rankbierger sinn:

  • Clavius (zirka 200 km, am südlechen Héichland)
  • Ptolemäus (zirka 150 km, no bei der Moundmëtt)
  • Posidonius (100 km, nordwestlech vun der Moundmëtt)
  • Schickard (zirka 200 km, no beim Südwestrand) an de
  • Bailly - mat 300 km de gréisste Rankbierg; direkt um Südwestrand vum Äerdmound, dofir nëmme verzerrt ze gesinn.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie