Raoul Cauvin

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Raoul Cauvin

De Raoul Cauvin gebuer de 26. September 1938 zu Antoing an der Belsch ass en Zeenarist fir Bande dessinéeën. Hien ass ee vun de franco-belschen Zeenaristen dee mat am meeschte Wierker opweises huet.

De Raoul Cauvin huet um Institut St Luc zu Tournai eng Léier fir Lithographe gemaach, an duerno festgestallt datt dee Beruff praktesch net méi gebraucht gëtt. Hien huet duerno a verschiddene Beräicher geschafft, bis hien 1965 bei d'Éditions Dupuis koum, bei där hien am Ufank als Lettreur geschafft huet. Duerno gouf hie Kameramann am Departement Dessin animés, an et war an där Zäit, wéi hie seng Leidenschaft fir den Zeenario entdeckt huet. De Patron vun dem Verlag de Charles Dupuis, gëtt him d'Geleeënheet mat de Mataarbechter vum Haus zesummenzeschaffen. Et waren dat deemools den Eddy Ryssach fir Athur et Léopold, de Serge Gennaux fir L'Homme aux phylactères a, Loryfiand et Chifmol, an de Charles Degotte.

1969 lancéiert hien zesumme mam Louis Salvérius d'Serie Les tuniques bleues eng humoristesch Bande dessinée déi de Sezessiounskrich als Hannergrond huet. Nom Doud vum Salvérius 1972, gëtt de Lambil säi Mataarbechter fir déi Serie, déi déi zwéin dann op Best-Sellerniveau eropschrauwen.

Duerch seng Renommée déi stänneg méi grouss gëtt hien ëmmer méi vu Comiczeechner als Zeenarist gefrot. Ëmmer méi Wierker bei deenen hien den Zeenario geschriwwen huet, hunn e grousse Succès:: Berck ("Sammy" a "Lou"), Mazel ("Câline et Calebasse", "Boulouloum et Guiliguili" et "Les paparazzi"), Macherot ("Mirliton"), Walthéry ("Le vieux bleu"), Guy Counhaye ("Les naufragés de l'espace"), Lambil ("Pauvre Lampil"), Kox ("L'agent 212"), Sandron ("Godasse et Godaille"), Bercovici ("Les grandes amours contrariées"), Nic ("Spirou et Fantasio"), Carpentier ("Les toyottes") . Hie schreift och Zeenarië fir aner Personnage vu Bandes dessinéeën aus dem Haus wéi ("Musti", "Tip et Tap" a "Les Pilis").

An den 80er Jore mécht hie méi am Beräich vum schwaarzen Humor an an der Parodie: Bercovici ("Les femmes en blanc"), Hardy ("Pierre Tombal"), Glem ("Les voraces"), Carpentier ("L'année de la bière" an "Du côté de chez Poje")...

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]