Raoul Girardet

Vu Wikipedia

De Raoul Girardet, gebuer de 6. Oktober 1917 a gestuerwen den 18. September 2013, ass e franséischen Universitaire an Historiker. Seng Spezialitéite sinn déi militäresch Gesellschaften an de franséischen Nationalismus.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Raoul Girardet ass e Kand vun der après Guerre. En ass 1917, knapps ee Joer no der Schluecht vu Verdun, op d'Welt komm. Säin Numm Raoul kennt vu sengem Monni dee wärend dem éischte Weltkrich am September 1914 gestuerwen ass. Seng Famill besteet haaptsächlech aus Offizéier aus der Arméi. Säi Papp, säi Grousspapp, säi Monni, säi Cousin, waren all an der Arméi, soudatt d'militärescht Liewen an de Krich ganz present a sengem Liewe waren. En ass net am Kader vun de grousse Cheffen erzu ginn, mä éischter am Respekt vum onbekannten Zaldot, en onbekannten Held vum Krich.

Hien ass an d'école communale Paris XXe gaangen, éier en am Lycée Voltaire seng Schoul fäerdeg gemaach huet. Do hat en zwéi Professeren déi en op den Interessie fir d'Geschicht opmierksam gemaach hunn.

Als éischt den Här Faran[1], säi Professer op der Sixième an op der Troisième. Seng Methode wieren hautdesdaags ëmstridden, mä den Här Faran huet et fäerdeg bruecht beim Raoul Girardet eng gewësse Faszinatioun fir d'Geschicht z'erwächen. Duerch seng Influenz liest en och Wierker wéi d'Iliade oder d'Odyssee an hirer klassescher Versioun. Duerch den Här Faran koum de Raoul Girardet fir d'éischt Kéier op de Gedanke fir eng Professeschcarrière ze maachen.

Den zweete Professer, war de Konschtprofesser deen och e Cours a Konschtgeschicht gehalen huet, wéi de Raoul Girardet e selwer nennt, de „Pattes à ressorts“[2]. Dësen huet och eng Roll a sengem Schülerliewe gespillt, zwar net mat der selwechter Autoritéit wéi den Här Faran. Duerch déi Coursen, huet sech dem Raoul Girardet säin Intressi fir d'Konscht a Muséen entwéckelt, soudatt sech säi geschichtlecht Bewosstsinn sech nëmmen nach méi bestätegt huet. Säin éischt Intressi an der Geschicht war och tatsächlech un der aler Geschicht, wat sech spéiderhin anescht entwéckelt huet. En ernimmt och säi Professer Jerôme Carcopino[3], deem e seng Aarbechten iwwer laténgescher Epigraphie befollegt huet.

Eréischt nom Zweete Weltkrich, ass en op d'Sorbonne studéiere gaangen.

Do ass en dem M. Renouvin[4] begéint, deen och eng grouss Roll a sengem Liewe gespillt huet. E schafft als Assistent a promovéiert a Geschicht, Doctorat en Lettres, a gëtt selwer Professer op der Paräisser Universitéit. Hie schafft och als Professer um Institut d'études politiques de Paris, wou en den deemolege Studente Laurent Fabius a Jean-Pierre Chevènement Course ginn huet. Hei huet en och, wärend e puer Joren, zesumme mam René Rémond am Jean Touchard, dem General Sekretär vun der Fondation nationale des sciences politiques, e Cours iwwer "Le mouvement des idées politiques dans la France contemporaine" gehalen. Och op der École nationale d'administration, der École spéciale militaire de Saint-Cyr an op der [[École polytechnique (Frankräich)|École polytechnique, war hie Professer.

De Raoul Girardet huet säi Liewe méi der Bildung gewidmet huet.

Engagement fir d'Action française[änneren | Quelltext änneren]

Seng Jugend ass markéiert duerch seng Adhésioun bei der Action française. Déi nationalistesch Bewegunge stelle sech fir hien als eng Form vu Protest géint déi etabléiert Uerdnung, e Broch, eng Oflehnung wat fir e Jugendlechen zimmlech attraktiv ass.

Hien ass och un der Romantik vun der revolutionärer Aktioun géint den däitschen Ierffeind intresséiert. Den Afloss vum Charles Maurras[5], de Prestige vun der Action française, erkläre déi besonnesch Wal vun dëser Liga, usech méi wéi dat Festhalen um Maurras sengen Iddien. Méi spéit erkläert de Raoul Girardet selwer, datt de Maurras schlussendlech nëmmen en ideologesche Virwëtz war.

Nieft verschiddenen Aktiounen, ass d'Action française fir de Raoul Girardet haaptsächlech eng Méiglechkeet e ganze Reseau vu Bezéiungen a Kontakter ze schafen, déi en net bestreit, a mat verschiddene souguer seng zukënfteg Verflichtungen deelt.

Hie verléisst d'Action française am Ufank vum zweete Weltkrich, ugeeekelt vum Antisemitismus an der Kollaboratioun.

Engagement wärend dem Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem e sech vun der Action française distanzéiert huet, ass de Raoul Girardet der Resistance bäigetrueden. De Girardet brauch vill Méi fir sech vun der veréierter Perséinlechkeet vum Marschall Pétain, dem Held vum éischte Weltkrich, ze distanzéieren, en ass awer direkt géint d'Armistice. Fir d'Resistance geet en e puer Risiken an, andeems en bäi verschiddene klengen Aktiounen hëlleft, wéi zum Beispill Bréiwer z'iwwerdroen oder Noriichte weider ze bréngen. Dëst feiert en och dozou vun der Gestapo 1944 fest gehalen ze ginn, a kuerz der Deportatioun z'entgoen.

Engagement wärend dem Algeriekrich[änneren | Quelltext änneren]

E puer Joer méi spéit, engagéiert sech de Girardet fir de Krich an Algerien. Vun 1959 un entwéckelt en och en heftegen Anti-Gaullisme. En ass vum de Gaulle senger Attitude wann et ëm Algerie geet enttäuscht sief et datt en net an der Lag ass de Feeler vu Frankräich Feeler z'erkennen oder datt en denkt den Ausstig vun Algerien hätt déi selwecht Bedeitung wéi eng nei Armistice.

Nodeem 1960 d'Manifeste des 121 publizéiert ginn ass, an deem Wehrverpflichteten zur Aufsässegkeet opgeruff ginn, gouf en anere Manifest vu franséischen Intellektuelle geschriwwen an deem "d'zivilisatoresch Missioun vun der Arméi an Algerien" bekräftegt gëtt. De Raoul Girardet gehéiert zu deenen déi d'Manifest ënnerschriwwen hu sou wéi och Memberen oder och Ënnerstëtzer vun der extrême-droite wéi zum Beispill François Natter, Jacques Perret, Jacques Laurent, Henri Massi, Rogier Nimier oder Jules Monnerot.

E schreift pro-OAS Artikelen déi bei der Zäitschrëft L'Esprit Public verëffentlecht ginn, wou hie selwer Koredakter ass mam Roland Laudenbach. E bedeelegt sech an der OAS an der franséischer Metropole an och an der Branche Action politique et propagande mat verschiddenen Universitéits Leit an de Schrëftsteller Jacques Laurent a Jacques Péret.

D'Zäitschreft L'Esprit Public déi am Dezember 1960 vum Philippe Héduy am Hubert Bassot fir d'éischt publizéiert ginn ass, ass och déi ëffentlech Fassad vun der OAS.

Dee ganzen Aktivismus bréngt Raoul Girardet an de Prisong am Ufank vum September 1961, e puer Deeg virum gescheiterten Attentat géint den de Gaulle zu Pont-sur-Seine.

Déi dräi Engagementer weisen, säin Intressi fir verschidde Wäerter, Patriotismus an Traditioun.

Fazit[änneren | Quelltext änneren]

Dem Raoul Girardet säin Ursprong a seng verschidde Kämpf erkläre gréisstendeels d'Interesse ëm déi sech säi Wierk konzentréieren: d'militäresch Fro, den Nationalismus, de Kolonialismus, d'Geschicht vun de politeschen Iddien. Biergerlech a moralesch Wäerter sinn implizit iwwerdroe ginn duerch säi familiäert Ëmfeld.

E gesäit sech selwer als Kand vun der drëtter Republik[6] a fillt e gewësst Mësstraue géintiwwer dem Klerikalismus. Obwuel en zimmlech wéineg geschriwwen huet, a seng Zäit haaptsächlech der Bildung gewidmet huet, sinn haaptsächlech déi Theemen déi a senger Bibliographie oder a senge Bedeelegungen u verschiddene Bicher erëm ze fanne sinn. En huet sech och bei der Zäitschrëft La Nation française déi vum Pierre Boutang gefouert gouf, bedeelegt.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • La Société militaire de 1815 à nos jours, Plon, Paris, 1953
  • Pour le tombeau d'un capitaine, Éditions de l'Esprit nouveau, Paris, 1962
  • La Crise militaire française (1945–1962), Armand Colin, coll. « Cahiers de la Fondation nationale des sciences politiques », Paris, 1964
  • Le Nationalisme français (1871–1914), Armand Colin, coll. « U / Idées politiques », Paris, 1966
  • L'Idée coloniale en France de 1871 à 1962, La Table Ronde, Paris, 1972 (Grand Prix Gobert de l'Académie française)
  • Mythes et mythologies politiques, Éditions du Seuil, coll. « L'Univers historique », Paris, 1986 (ISBN 2020093480)
  • Problèmes militaires et stratégiques contemporains, Dalloz, Paris, 1988 (ISBN 2247009476)
  • Singulièrement libre, entretiens avec Pierre Assouline, Perrin, Paris, 1990 (ISBN 2262007179)
  • Nationalismes et nation, Complexe, coll. « Questions au XXe siècle », Bruxelles, 1995 (ISBN 2870275609)

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Pierre Nora, Essais d'ego-histoire, Raoul Girardet, L'ombre de la Guerre, p. 147
  2. Pierre Nora, Essais d'ego-histoire, Raoul Girardet, L'ombre de la Guerre, p. 148
  3. Pierre Nora, Essais d'ego-histoire, Raoul Girardet, L'ombre de la Guerre, p. 150
  4. Pierre Nora, Essais d'ego-histoire, Raoul Girardet, L'ombre de la Guerre, p. 149
  5. Pierre Nora, Essais d'ego-histoire, Raoul Girardet, L'ombre de la Guerre, p. 158
  6. Pierre Nora, Essais d'ego-histoire, Raoul Girardet, L'ombre de la Guerre, p. 162