Op den Inhalt sprangen

Raoul Wallenberg

Vu Wikipedia
Raoul Wallenberg
Gebuertsnumm Raoul Gustaf Wallenberg
Gebuer 4. August 1912
Lidingö
Gestuerwen 31. Juli 1952
Doudesursaach onbekannt
Nationalitéit Schweden
Educatioun Universitéit vu Michigan
Aktivitéit Architekt, Geschäftsmann, Diplomat, Banquier
Auteursrechter Auteursrechter sinn ofgelaf
Gielercher Gerechten ënner den Natiounen
Famill
Papp Raoul Oscar Wallenberg
Mamm Maj von Dardel
Geschwëster Guy von Dardel, Nina Lagergren

De Raoul Gustaf Wallenberg, gebuer de 4. August 1912 a pro forma op den 31. Juli 1952 fir dout erkläert[1], war e schweedeschen Architekt, Geschäftsmann an Diplomat. En ass bekannt dofir, Dausenden (op d'mannst 4.500) Judden am vun Nazi-Däitschland besaten Ungarn wärend dem Holocaust tëscht Juli an Dezember 1944 d'Liewe gerett ze hunn, andeems en als Envoyé spécial vu Schweden zu Budapest, Passéierschäiner fir a Schweden ausgestallt huet, déi s'ënner schweedesch Protektioun gestallt hunn, a s'a Gebaier ënnerbruecht huet, déi en als Annexe vun der schweedescher Ambassade, an dofir als extraterritorial, deklaréiert huet.[2]

De 17. Januar 1945, wärend der Belagerung vu Budapest duerch d'Rout Arméi gouf de Wallenberg vum sowjettesche Geheimdéngscht SMERSH festgeholl, ënner dem Verdacht hie wier e Spioun fir d'Amerikaner. Dono ass hien a Richtung Gefaangenelager an der Sowjetunioun "verschwonnen". Wéini a wou e gestuerwen ass, konnt net eendeiteg gekläert ginn. Dofir gouf aus administrative Grënn pro forma den 31. Juli 1952 festgehalen.

Fir seng Rettungsaktioune gouf hie mat enger ganzer Rëtsch Distinctioune geéiert; dorënner déi vum Gerechten ënner den Natiounen, an d'Éierebiergerschaft vun de Vereenegte Staaten a vu Kanada.

  • Lew Besymenski, Ulrich Völklein: Die Wahrheit über Raoul Wallenberg. Steidl, Göttingen 2000, ISBN 978-3-88243-712-6.
  • John Bierman: Raoul Wallenberg, der verschollene Held. Droemersche Verlagsanstalt Knaur, München 1983, ISBN 3-426-03699-1.
  • Ingrid Carlberg: Raoul Wallenberg – the biography. With an introduction by Kofi A. Annan; translated from the Swedish by Ebba Segerberg; MacLehose Press, Querus, London [2015], ISBN 978-0-85705-328-2.
  • Christoph Gann: Raoul Wallenberg: so viele Menschen retten wie möglich. C.H. Beck Verlag, München 1999, ISBN 3-406-45356-2 (och: Dt. Taschenbuch Verlag, München 2002, ISBN 3-423-30852-4; dtv 30852).
  • Stefan Karner (Hrsg.): Auf den Spuren Wallenbergs. Studienverlag, Innsbruck-Wien-Bozen 2014, ISBN 978-3-7065-5412-1.
  • Victor Karelin: Damals in Budapest: das Buch von Raoul Wallenberg. Herder Verlag, Freiburg im Breisgau 1982, ISBN 3-451-19546-1.
  • András Masát, Márton Méhes, Wolfgang Rackebrandt (Hrsg.): Raoul Wallenberg – Mensch in der Unmenschlichkeit. Ergebnisse der internationalen Forschung. Ed. Kirchhof & Franke, Leipzig, Berlin 2002, ISBN 3-933816-14-9.
  • Tanja Schult: A Hero’s Many Faces. Raoul Wallenberg in Contemporary Monuments. Palgrave Macmillan, Houndmills, Basingstoke, New York 2009, ISBN 978-0-230-22238-0.
  • Sonja Sonnenfeld: Es begann in Berlin. Ein Leben für Gerechtigkeit und Freiheit. Donat Verlag, Bremen 2001, ISBN 978-3-934836-32-7.
 Commons: Raoul Wallenberg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Et gëtt ugeholl, e wier 1947 gestuerwen, vereenzelt ginn et Theorien, en hätt nach e Strapp méi laang gelieft.
  2. Fiche op yadvashem.org (archivéiert).