Raoul Weckbecker

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Raoul Weckbecker
Gebuer 16. Juli 1898
Miersch
Gestuerwen 6. Oktober 1978
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Alpinschileefer

De Raoul Weckbecker, gebuer de 16. Juli 1898 zu Miersch, a gestuerwen de 6. Oktober 1978 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Bobsportler a Schirennleefer.[1]

De Raoul Weckbecker huet bei den Olympesche Wanterspiller 1928 zu Sankt-Moritz als Member vum Véierrerbob vum Marc Schœtter zu den éischte Wanntersportler gehéiert, déi de Grand-Duché op olympesch Wanterspiller geschéckt huet. De jongen Team huet sech bei den zwéin Leef op der 20. vun 23 Plazen klasséiert.

Aacht Joer méi spéit, bei den Olympesche Wanterspiller zu Garmisch-Partenkirchen war de Raoul Weckbecker du Kapitän vun engem eegenen Zweeërbob. Zesummen mat sengem Teamkolleg Géza Wertheim koum hien op déi 22. Plaz a virlescht Plaz viru Frankräich. Hien huet och un alpine Kompetitiounen deelgeholl.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Raoul Weckbecker op der Websäit sports-reference.com