Op den Inhalt sprangen

Raphaël Stacchiotti

Vu Wikipedia
Raphaël Stacchiotti
Gebuer 9. Mäerz 1992
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schwëmmer
Gréisst 182 cm

De Raphaël Stacchiotti, gebuer den 9. Mäerz 1992 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Schwëmmer.[1]

De Stacchiotti war mat 16 Joer bis elo de jéngste Lëtzebuerger Olympionik. Bei der Ouverture vun de Spiller zu Peking 2008 huet hien de Lëtzebuerger Fändel gedroen. An der Qualifikatioun iwwer 200m Fräistil vun de Männer, koum hie mat enger Zäit vun 1:52.01 op eng 49. Plaz am Generalklassement.[2]

Hie war och bei den Olympesche Spiller 2012 zu London, 2016 zu Rio an 2021 zu Tokyo derbäi. No der Olympiad vu Rio ass hien an d'Section sports d'élite de l'armée gaangen.

Mat alle 17 gewonnenen Distanze bei de Meeschterschaften am 25-Meter-Baseng uganks Dezember 2017 kënnt de Schwëmmer vum Swimming Club le Dauphin vun Ettelbréck op den aktuelle Rekord vu 70 nationalen Titelen.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
Doropshi krut hien de 6. Juni de World Fair Play Movement award[3]
  • 2009: 1. Plaz op der Junior-Europameeschterschaft[4] zu Prag am 200m 4 Nages mat 2:02.56
  • 2010: 1. Plaz am 200 m 4 Nages an 2. Plaz am 400 m 4 Nages op der Junior-Europameeschterschaft.
  • 2011: 20. Plaz am 200 m 4 Nages an am 400 m 4 Nages op de Schwammweltmeeschterschaften zu Shanghai[5]

Lëtzebuergesch Rekorder (50 m Baseng)

[änneren | Quelltext änneren]
DistanzZäitPlazOpgestalltVerluer
100 m papillon55,12Reykjavik03.06. 2015--
100 m nage libre50,76Lëtzebuerg29.01.201226.07. 2015[6]
200 m nage libre01:49,61Roum27.07. 2009--
200 m papillon02:02,60San Marino30.05. 2017--
200 m 4 nages02:00,21Rio de Janeiro10.08. 2016--
400 m nage libre03:57,34Roum26.07. 200913.04 2016[7]
400 m 4 nages04:17,20London27.07. 2012--
800 m nage libre08:20,91Monterrey10.07. 2008--

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. De Raphaël Stacchiotti op der Websäit vu sports-reference.com
  2. De Raphël Stacchiotti op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens' Archivéiert den 19.11.2010. Gekuckt den 28.07.2011.
  3. Shialou, Stacchiotti and Iceland Receive Awards Archivéiert den 12.08.2011. Gekuckt den 28.09.2011.
  4. 200 Ind. Medley - Boys F I N A L: 1. STACCHIOTTI Raphael 1992 LUX 2:02.56 Quell: www.prague2009.cz
  5. D'Resultater vum Raphaël Stacchiotti op Les-Sports.info
  6. Neie Rekordler gouf de Julien Henx 50,06
  7. Neie Rekordler gouf de Pit Brandenburger 03:56,20