Ray Manzarek

Vu Wikipedia
Ray Manzarek
Gebuertsnumm Raymond Daniel Manzarek Jr.
Gebuer 12. Februar 1939
Chicago
Gestuerwen 20. Mee 2013
Rosenheim
Doudesursaach Galekanalkarzinom
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vu Kalifornien zu Los Angeles,
UCLA School of Theater, Film and Television
Aktivitéit Regisseur, Keyboarder, Komponist, Dichter, Museksproduzent, Pianist, Sänger
Member vun The Doors

De Raymond Daniel ("Ray") Manzarek, gebuer den 12. Februar 1939 zu Chicago a gestuerwen den 20. Mee 2013 zu Rosenheim, war en US-amerikanesche Keyboard-Spiller. Bekannt ass hie virun allem als Grënnungsmember a Keyboard-Spiller vun der Grupp The Doors.

Nom Doud vum Matgrënner a Sänger Jim Morrisson huet de Manzarek weiderhin, a verschiddene Formatiounen, dorënner mam Ex-Doors Museker Robby Krieger, meeschtens um Piano, musizéiert. Och deen een oder anere Film huet hie realiséiert (Love Her Madly (2000), L.A. Woman (2005)).

1998 huet hie seng Autobiographie ënner dem Titel Light My Fire: My Life with The Doors publizéiert.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Soloalbumen
  • The Golden Scarab (1973)
  • The Whole Thing Started With Rock & Roll Now It's Out of Control (1974)
  • Carmina Burana (1983)
  • Love Her Madly (2006)
  • Ballads Before the Rain (mam Roy Rogers) (2008)
  • Translucent Blue (mam Roy Rogers) (2011)
mat Nite City
  • Nite City (1977)
  • Golden Days Diamond Nights (1978)

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ray Manzarek – Biller, Videoen oder Audiodateien