Raymond Kirsch

Vu Wikipedia
Raymond Kirsch
Gebuer 1. Januar 1943
Habscht
Gestuerwen 11. Mäerz 2013
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Institut d'études politiques de Paris
Aktivitéit Ekonomist, Banquier, Jurist

De Raymond Kirsch, gebuer den 18. Januar 1942 zu Habscht, a gestuerwen den 11. Mäerz 2013[1] zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist, Ekonomist a Banquier.

Nodeem en um Lampertsbierg am Jongelycée seng Première gemaach hat, huet en zu Paräis Droit a Politikwëssenschafte studéiert. Um Institut d'études politiques huet e säin Diplom an de Politikwëssenschafte kritt. Duerno huet en op der Universitéit Bréissel en Doktertitel an der Ekonomie gemaach an zu Lëtzebuerg en Doktertitel an Droit zouerkannt kritt.

Vun 1977 bis 1989 war hie President vun der Société nationale de crédit et d'investissement a praktesch zur selwechter Zäit (1976 bis 1989) war hie Vizegouverneur vun der Weltbank.

Vun 1985 bis 1989 war hien Directeur du Trésor am Finanzministère a vun 1985 bis 1998 President vum Institut monétaire luxembourgeois.

Tëscht 1989 an 2004 war de Raymond Kirsch Generaldirekter vun der Spuerkeess, sain Nofollger gouf de Jean-Claude Finck.

Vum 1. Februar 2004 bis den 20. Abrëll 2011 war hie President vum Verwaltungsrot vun der Lëtzebuerger Bourse[2]. Virdru war en, vun 1979 bis 1985 Regierungskommissär, zanter 1990 Administrateur, an zanter 1993 Vizepresident vun der Bourse. Hie war och vun 2004 bis 2011 President vun der Universitéit Lëtzebuerg a Verwaltungsrotmember vun ë. a. der Cargolux, CLT-UFA, La Luxembourgeoise, Luxair, Millicom, Paul Wurth an SES.

Den 13. Januar 1983 gouf hie Member am Staatsrot. Den 1. November 1991 gouf e Vizepresident vun där Institutioun. Vum 14. Januar 2000 bis den 13. Januar 2001 war en hire President.[3]

Gielercher

Literatur

  • Luxemburger Wort Nr.61 vum 13. Mäerz 2013, S. 4: Raymond Kirsch †
  • Luxemburger Wort Nr.61 vum 13. Mäerz 2013, S. 67: Doudesannonce Raymond Kirsch

Referenzen

  1. Wort.lu: Raymond Kirsch verstorben
  2. "Election de Raymond Kirsch à la présidence du Conseil d'administration" paperjam.lu, 2004-01-16.
  3. Conseil d'Etat: Membres depuis 1857.
  4. Memorial B n° 52 vun 1998 mat enger Lëscht vu Leit déi 1998 eng national Auszeechnung kritt hunn