Reez

Vu Wikipedia
Schwéngefleesch am Reez

E Reez ass de Feierdamp, an deem Iesswuere gereezt oder gereechert ginn.

Ënner Reeze versteet een e Procedé, mat deem Liewensmëttel, virun allem Fleesch oder Fësch, op eng méi laang Zäit Feierdamp vun Holz an enger Haascht oder an engem Reezhaischen ausgesat ginn, fir datt se sech méi laang hale sollen.

Reeze kann een nieft Fleesch (Ham, Zoossiss, Wirschtercher, Speck,...) a Fësch och verschidden Zorte Kéis, Geméis, Eeër oder Friichten, an Asien och Tofu.

Et gëtt souguer Béier aus gereeztem Malz, an och schottesche Whisky gëtt aus gereeztem Malz produzéiert.

D'Reezen huet net eleng eng Auswierkung op eng méi laang Konservéierung, et verännert och de Goût, de Geroch, d'Faarf an d'Textur vum Iessen.

Et gëtt 3 verschidden Aart a Weise fir ze Reezen:

  • mat gliddegem Feierdamp (70 - 100 °C);
  • mat waarmem Feieredamp (Temperature bis 60 °C.);
  • mat kalem Feierdamp (8 - 26 °C). Dës Zort vu Reezen deet Liewensmëttel am längsten halen, et kann e puer Deeg laang daueren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Reezen – Biller, Videoen oder Audiodateien