Referendum vum 10. Juli 2005
De Referendum vum 10. Juli 2005 war e Referendum zu Lëtzebuerg, deen op deem Dag ofgehale gouf.
Nodeem d'Staats- a Regierungscheffe vun der EU allgemeng net mam Traité vun Nice zefridde waren, hu s'am Dezember 2001 zu Laeken e Konvent an d'Liewe geruff, dee sech aus Vertrieder vu Regierungen, nationale Parlamenter, dem Europäesche Parlament an der Europäescher Kommissioun zesummegesat huet. Hie sollt ausschaffe, wéi d'Kompetenzen an der EU besser verdeelt kéinte ginn, wéi d'Funktionéiere vun hiren Instrumenter (Traitéen, Gesetzer, Institutiounen), dorënner déi aktuell Traitéen, vereinfacht kéint ginn; a wéi ee méi Transparenz, Demokratie an Efficacitéit an d'EU erakréich.
Tëscht dem 28. Februar 2002 an dem 17. Juli 2003 ass de Konvent ënner der Presidence vum Valéry Giscard d'Estaing zesummekomm, fir en Text auszeschaffen, deen dann den 20. Juli 2003 dem Europäesche Conseil zu Thessaloniki iwwerreecht gouf. D'Staats- a Regierungscheffe konnte sech awer net eens ginn, dee sou zustane gekommenen Text tel quel unzehuelen. Se hunn eng Regierungskonferenz aberuff, déi tëscht dem 4. Oktober 2003 an dem Juni 2004 den definitiven Text vum "Traité iwwer eng Constitutioun fir Europa" ausgeschafft huet.
Zu Roum konnt dësen dann den 29. Oktober 2004 vun de 25 Staats- a Regierungscheffen ënnerschriwwe ginn. Fir datt e kann a Kraaft trieden, muss e vun deene 25 Länner duerch de Gesetzgiewer ratifizéiert ginn: sief et duerch d'national Parlamenter, sief et duerch Referenden.
De 27. Juni 2003 huet d'Lëtzebuerger Regierung decidéiert, den Traité engem Referendum z'ënnerwerfen. Den 10. November 2004 gouf den Datum vum Referendum op den 10. Juli 2005 festgeluecht.
Den 28. Januar 2005 huet d'Chamber d'Kader-Gesetz iwwer d'Ofhale vun engem Referendum zu Lëtzebuerg gestëmmt (Loi du 4 février 2005 relative au référendum au niveau national), dat den 3. Mäerz 2005 am Mémorial publizéiert gouf. Den 12. Abrëll dann huet d'Chamber e Spezialgesetz ugeholl, dat ë. a. d'Fro, déi gestallt soll ginn, definéiert huet:
- Sidd Dir fir den Traité iwwer eng Constitutioun fir Europa, ënnerschriwwen zu Roum, den 29. Oktober 2004?
Resultat
[änneren | Quelltext änneren]De Jo krut 56,52 % vun de gëltege Stëmmen an den Neen 43,48 %. D'Chamber kann domat am zweeten Tour den Traité iwwer eng Constitutioun fir Europa ratifizéieren.
Vun den 220.717 ageschriwwene Wieler hunn der 199.609 hir Stëmmm ofginn, 11.201 dovu per Bréifwal. Am Ganze waren 109.494 Wieler fir de Jo, 84.221 fir den Neen an 5.894 hunn en ongëltegen Ziedel ofginn.
Vun den 118 Gemenge vum Land hu sech der just 9 majoritär fir den Neen ausgeschwat, an zwar Beefort, Déifferdeng, Esch-Uelzecht, Esch-Sauer, Keel, Péiteng, Rëmeleng, Schëffleng a Suessem. Dee gréisste Prozentsaz u Jo-Wieler hat Stroossen mat 68,31 % an dee gréisste Prozentsaz un Nee-Wieler gouf et zu Esch-Sauer mat 58,16 %.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Dokumenter
[änneren | Quelltext änneren]D'Siicht vun der Lëtzebuerger Regierung
[änneren | Quelltext änneren]Websäite mat kontroversen Diskussiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Eng Säit mat Argumenter dofir an dogéint (archivéiert Versioun).
- Säit iwwer d'Verfassungsdebatt op der franséischer Wikipedia. Vill Argumenter sinn och fir Lëtzebuerg zoutreffend
Websäite vu Lëtzebuerger Organisatiounen oder anere Gruppéirungen
[änneren | Quelltext änneren]- Dossier a Communiqué vun der UNEL (D'National Studentevereenegung vu Lëtzebuerg) zum Theema Verfassung
D'politesch Parteien an den Traité
[änneren | Quelltext änneren]- D'Siicht vun der CSV (archivéiert Versioun).
- D'Siicht vun der LSAP (archivéiert Versioun).
- D'Siicht vun der DP
- D'Siicht vun déi gréng (archivéiert Versioun).
- D'Siicht vum ADR (archivéiert Versioun).
- D'Siicht vun Déi Lénk (archivéiert Versioun).
Analys
[änneren | Quelltext änneren]Echoen an der internationaler Press
[änneren | Quelltext änneren]- Le Monde
- L'Humanité
- Nouvel Obs
- Le Figaro
- taz
- FAZ
- Der Spiegel
- Stern
- Guardian
- BBC News
- TimeNet Malaysia
- Daily Telegraph
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun. |