Regierung Frieden

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Lëtzebuerger Regierung vum Premierminister Pierre Frieden vun 1958-1959. Fir déi ënnert dem Premierminister Luc Frieden vun 2023, kuckt wgl. Regierung Frieden-Bettel.

D'Regierung Frieden, eng Koalitiounsregierung aus CSV an LSAP, ass den 29. Mäerz 1958 vereedegt ginn an huet aus 6 Ministeren an engem Staatssekretär bestanen.

An der Sëtzung vum 9. Dezember 1958 huet d'Chamber no enger Diskussioun iwwer e Versuch vun der Bestiechung vun engem Beamten eng Motioun ugeholl[1], mat där déi dräi sozialistesche Ministeren an de Staatssekretär dem President vun der Regierung hire Récktrëtt iwwerreecht hunn. De Récktrëtt vun de véier sozialistesche Membere vun der CSV-LSAP-Koalitiounsregierung huet zum Récktrëtt vun der Regierung gefouert. Den 20. Dezember goufen zwéin Arrêté grand-ducalen am Memorial publizéiert, mat deenen d'Chamber opgeléist[2] an Neiwale fir den 1. Februar 1959 festgeluecht goufen[3].

Den 2. Mäerz 1959 gouf d'Regierung Frieden dunn duerch d'Regierung Werner-Schaus I ofgeléist, déi aus de Chamberwale vum 1. Februar 1959 ervirgaange war.

Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre Frieden (CSV): Regierungschef; Minister fir Erzéiung, Konschten a Wëssenschaften, Kultus, d'Bevëlkerung an d'Famill; Inneminister
  • Joseph Bech (CSV): Minister fir Aussebezéiungen an Aussenhandel; Minister fir Wäibau
  • Victor Bodson (LSAP): Justizminister; Bauten- an Transportminister
  • Nic Biever (LSAP): Minister fir Aarbecht, Sozialversécherung, Grouwen an Assistance sociale
  • Pierre Werner (CSV): Finanzminister; Arméiminister
  • Emile Colling (CSV): Landwirtschaftsminister, Gesondheetsminister
  • Paul Wilwertz (LSAP): Wirtschaftsminister
  • Henry Cravatte (LSAP): Staatssekretär fir Wirtschaft

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Déclaration de M. le Ministre de la Justice au sujet de la soumission relative au relaissement de la station de contrôle de Sandweiler op chd.lu, gekuckt den 2. Mäerz 2019
  2. Arrêté grand-ducal du 18 décembre 1958, portant dissolution de la Chambre des députés op legilux.lu, gekuckt den 2. Mäerz 2019
  3. Arrêté grand-ducal du 18 décembre 1958 portant convocation des collèges électoraux de toutes les circonscriptions op legilux.lu, gekuckt den 2. Mäerz 2019