Regierung Juncker-Poos

Vu Wikipedia
De Jean-Claude Juncker an de Jacques Poos (1997)

D'Regierung Juncker-Poos, eng Koalitiounsregierung aus CSV an LSAP, gouf de 26. Januar 1995 vereedegt, nodeems de Jacques Santer vu senger Funktioun als Premier zeréckgetruede war, fir President vun der Europäescher Kommissioun ze ginn.

Si huet aus 11 Ministeren an engem Staatssekretär bestanen.

De 4. Februar 1998 ass se ëmgebilt ginn, wéi de Marc Fischbach an de Johny Lahure demissionéiert hunn. Si goufen ersat duerch de Luc Frieden, deen dem Fischbach seng Portefeuillen iwwerholl huet, an d'Lydie Err, déi dem Georges Wohlfart seng Portefeuillen iwwerholl huet, dee sengersäits fir Gesondheet a Sport zoustänneg gouf. De Ressort vun der Ëmwelt goung un den Alex Bodry. D'Lydie Err an de Luc Frieden waren den 30. Januar 1998 vereedegt ginn.

Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

Vum 26. Januar 1995 bis de 4. Februar 1998[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-Claude Juncker (CSV): Premierminister; Staatsminister; Finanzminister; Minister fir Aarbecht
  • Jacques Poos (LSAP): Vizepremierminister; Ausseminister, Minister fir Aussenhandel a Kooperatioun
  • Fernand Boden (CSV): Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a Ländlech Entwécklung; Minister fir de Mëttelstand, Tourismus a Wunnengsbau
  • Marc Fischbach (CSV): Justizminister; Budgetsminister; Minister fir d'Bezéiunge mam Parlament
  • Johny Lahure (LSAP): Gesondheetsminister; Ëmweltminister
  • Robert Goebbels (LSAP): Wirtschaftsminister; Bauteminister; Energieminister
  • Alex Bodry (LSAP): Minister fir Landesplanung; Arméiminister; Minister fir Sporterzéiung a Sport; Jugendminister
  • Marie-Josée Jacobs (CSV): Ministesch fir Famill; Ministesch fir d'Promotioun vun der Fra; Ministesch fir Handicapéierter
  • Mady Delvaux-Stehres (LSAP): Ministesch fir Sozialversécherung; Transportministesch; Kommunikatiounsministesch
  • Erna Hennicot-Schoepges (CSV): Ministesch fir Erzéiung a Beruffsausbildung; Ministesch fir Kultur; Ministesch fir Kultus
  • Michel Wolter (CSV): Inneminister; Arméiminister; Minister fir d'Bezéiunge mam Parlament
  • Georges Wohlfart (LSAP): Staatssekretär fir Aussebezéiungen, Aussenhandel a Kooperatioun; Staatssekretär fir Ëffentlech Aarbechten.

Vum 4. Februar 1998 bis de 7. August 1999[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-Claude Juncker (CSV): Premierminister; Staatsminister; Finanzminister; Minister fir Aarbecht
  • Jacques Poos (LSAP): Vizepremierminister; Ausseminister, Minister fir Aussenhandel a Kooperatioun
  • Fernand Boden (CSV): Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a Ländlech Entwécklung; Minister fir de Mëttelstand, Tourismus a Wunnengsbau
  • Robert Goebbels (LSAP): Wirtschaftsminister; Bauteminister; Transportminister; Energieminister
  • Alex Bodry (LSAP): Minister fir Landesplanung; Arméiminister; Ëmweltminister; Jugendminister
  • Marie-Josée Jacobs (CSV): Ministesch fir Famill; Ministesch fir d'Promotioun vun der Fra; Ministesch fir Handicapéierter
  • Mady Delvaux-Stehres (LSAP): Ministesch fir Sozialversécherung; Transportministesch; Kommunikatiounsministesch
  • Erna Hennicot-Schoepges (CSV): Ministesch fir Erzéiung a Beruffsausbildung; Ministesch fir Kultur; Ministesch fir Kultus
  • Michel Wolter (CSV): Inneminister; Minister fir Ëffentlech Verwaltung a Verwaltungsreform
  • Georges Wohlfart (LSAP): Gesondheetsminister; Minister fir Sporterzéiung a Sport
  • Luc Frieden (CSV): Justizminister; Budgetsminister; Minister fir d'Bezéiunge mam Parlament
  • Lydie Err (LSAP): Staatssekretärin fir Aussebezéiungen, Aussenhandel a Kooperatioun; Staatssekretärin fir Ëffentlech Aarbechten.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]