Regierung Santer-Poos II
Ausgesinn
D'Regierung Santer-Poos II ass eng Koalitiounsregierung aus CSV an LSAP, déi aus de Chamberwale vum 18. Juni 1989 ervirgaange war. Si ass den ass de 14. Juli 1989 vereedegt ginn an huet aus 10 Ministeren an 2 Staatssekretäre bestanen.
Den 9. Dezember 1992 koum et zu enger Regierungsëmbildung, wéi de René Steichen zum Member vun der Europäescher Kommissioun ernannt gouf, zoustänneg fir Landwirtschaft ënner dem President Jacques Delors. A seng Plaz koum d'Marie-Josée Jacobs.
Zesummesetzung
[änneren | Quelltext änneren]- Jacques Santer (CSV): Premierminister; Staatsminister; Budgetsminister; Kulturminister
- Jacques Poos (LSAP): Vizepremierminister; Ausseminister, Minister fir Aussenhandel a Kooperatioun; Arméiminister
- Fernand Boden (CSV): Minister fir Famill a Solidaritéit; Minister fir de Mëttelstand an den Tourismus
- Jean Spautz (CSV): Inneminister; Wunnengsbauminister a Minister fir Urbanismus
- Jean-Claude Juncker: Finanzminister, Aarbechtsminister
- Marc Fischbach (CSV): Erzéiungsminister; Justizminister; Minister vun der Ëffentecher Verwaltung
- Johny Lahure (LSAP): Gesondheetsminister; Minister fir d'Sozial Sécherheet, Minister fir Sport, Minister fir Jugend.
- René Steichen (CSV): Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a Ländlech Entwécklung; Delegéierte Minister fir Kultur a Fuerschung (den 9. Dezember 1992 ersat duerch d'Marie-Josée Jacobs)
- Robert Goebbels (LSAP): Wirtschaftsminister; Minister fir Ëffentlech Aarbechten; Transportminister
- Alex Bodry (LSAP): Minister fir Landesplanung; Minister fir Energie; Minister fir Kommunikatioun.
- Georges Wohlfart (LSAP): Staatssekretär fir Aussebezéiungen, Aussenhandel a Kooperatioun; Staatssekretär fir d'Arméi.
- Mady Delvaux-Stehres (LSAP): Staatssekretärin fir Gesondheet a Sozialversécherung; Staatssekretärin fir Sport a Jugend.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Thewes, Guy: Les gouvernements du Grand-Duché de Luxembourg depuis 1848, ISBN 2-87999-118-8
- Le gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg 2013, Service information et presse du gouvernement (2014)
- Le gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg 2018 , Service information et presse du gouvernement (2019)
- Steve Bissen, Kleine Parteien auf dem Vormarsch op wort.lu den 23. August 2018 an an der Drockversioun vum Luxemburger Wort vum 27. August 2018, Säit 2