Regierung de Tornaco
D'Regierung de Tornaco war vum 26. September 1860 bis den 3. Dezember 1867 am Amt. Si gouf am Ganze sechsmol ëmgebilt.
An d'Regierungszäit vum Victor de Tornaco fale wichteg aussepolitesch Evenementer, wéi d'Opléise vum Däitsche Bond, 1866, nom Däitsch-Éisträichesche Krich, an de Versuch vum Napoleon III., fir vum Wëllem III. Lëtzebuerg ofzekafen, wat awer wéinst dem Widderstand vum Bismarck verhënnert gouf. Zu London gouf eng Léisung aus dëser Lag fonnt, andeems an engem Traité festgehale gouf, datt d'preisesch Garnisoun misst ofgezu ginn, d'Festung Lëtzebuerg geschleeft a Lëtzebuerg op éiweg neutral an onofhängeg erkläert gouf.
An deene Jore goufen och d'Eisebunnslinnen iwwer Waasserbëlleg op Tréier an iwwer Ettelbréck op Gouvy ausgebaut, woumat och d'Siderurgie e weideren Opdriff krut.
Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]
Vum 26. September 1860 bis den 9. September 1863[änneren | Quelltext änneren]
- Victor de Tornaco: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen a Bauten
- Jean Ulveling: Generaldirekter fir Finanzen
- Michel Jonas: Generaldirekter fir den Interieur a fir Justiz
Vum 9. September 1863 bis den 31. Mäerz 1864[änneren | Quelltext änneren]
- Victor de Tornaco: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen a¨Bauten
- Jean Ulveling: Generaldirekter fir Finanzen
- Bernard-Hubert Neuman: Generaldirekter fir den Interieur a fir Justiz
Vum 31. Mäerz 1864 bis de 26. Januar 1866[änneren | Quelltext änneren]
- Victor de Tornaco: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen
- Jean Ulveling: Generaldirekter fir Finanzen
- Ernest Simons: Generaldirekter fir den Interieur a Bauten
- Henri Vannerus: Generaldirekter fir Justiz
Vum 26. Januar 1866 bis den 3. Dezember 1866[änneren | Quelltext änneren]
- Victor de Tornaco: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen
- Jean Ulveling: Generaldirekter fir den Interieur
- Ernest Simons: Generaldirekter fir Finanzen
- Henri Vannerus: Generaldirekter fir Justiz
Vum 3. bis de 14. Dezember 1866[änneren | Quelltext änneren]
- Victor de Tornaco: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen
- Jean Ulveling: Generaldirekter fir den Interieur
- Léon de la Fontaine: Generaldirekter fir Justiz a Finanzen
Vum 14. Dezember 1866 bis den 18. Juni 1867[änneren | Quelltext änneren]
- Victor de Tornaco: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen
- Léon de la Fontaine: Generaldirekter fir Justiz
- Jean Colnet d'Huart: Generaldirekter fir Finanzen
- Félix de Blochausen: Generaldirekter fir den Interieur
Vum 18. Juni 1867 bis den 3. Dezember 1867[änneren | Quelltext änneren]
- Victor de Tornaco: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen
- Jean Colnet d'Huart: Generaldirekter fir Finanzen
- Félix de Blochausen: Generaldirekter fir den Interieur
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
- Thewes, Guy: Les gouvernements du Grand-Duché de Luxembourg depuis 1848, ISBN 2-87999-118-8
- Le gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg 2013, Service information et presse du gouvernement (2014)
- Le gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg 2018 , Service information et presse du gouvernement (2019)