Reginald Bottomley
Reginald Bottomley | |
---|---|
Gebuer |
11. Mäerz 1856 London |
Gestuerwen |
10. Abrëll 1933 Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Member vun | Cercle artistique de Luxembourg |
![]() |
De Reginald Bottomley, gebuer 1856 zu London a gestuerwen den 10. Abrëll 1933[1] zu Lëtzebuerg, war e Moler vun engleschen Originnen.
Hie war de Jong vum engleschen Déieremoler John William Bottomley.
Hien hat säi Konschtstudium zu Paräis gemaach, wou e sech mat der Lëtzebuergerin Elisabeth Kehler bestuet huet. Vun 1891 un huet hien zu Lëtzebuerg gelieft.
Hie war ee vun de Grënnungsmembere vum Cercle artistique de Luxembourg.
Galerie[änneren | Quelltext änneren]
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ ZIVILSTAND. In: Escher Tageblatt, 1933. Jg., nº 111 (12.05.1933), p. 9. Digitised by the National Library of Luxembourg