Op den Inhalt sprangen

Rehaklinick Useldeng

Vu Wikipedia
Rehaklinick Useldeng
Centre thérapeutique pour malades d'alcoolisme d'Useldange
D'Rehaklinick Useldeng an der fréierer Villa Reiffers
Typ Spidol, Rekaklinick
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Useldeng
Plaz Useldeng
Adress 14, rue d’Everlange
Koordinaten 49° 46’ 10.643’’ N
      05° 58’ 41.632’’ O
Um Spaweck https://www.rehaklinik.lu/centre-therapeutique-useldange/
Medezinesch Ariichtung
Iwwergeuerdent Organisatioun Centre hospitalier neuro-psychiatrique
Personal ()
Betterzuel ()
Proprietär

D'Rehaklinick Useldeng[1], offiziell Centre thérapeutique pour malades d'alcoolisme d'Useldange (CTU)[2], ass en Therapiezenter deen zum ëffentlechen Etablissement Centre hospitalier neuropsychiatrique (CHNP) gehéiert. Den Zenter ass och nach ënnert dem Numm Therapiezenter Useldeng bekannt.

Den CTU ass eng stationär Ariichtung déi op d'Behandlung vun Alkohol-, Cannabis- a Medikamentenofhängegkeet spezialiséiert ass. S'ass fir Persoune geduecht, déi schonn en Entzuch gemaach hunn an hir Abstinenz an engem strukturéierten therapeutesche Kader stäerke wëllen.

D'Rehaklinick setzt op psychotherapeutesch Rehabilitatiounsusätz. D'Zil vun der Ënnerstëtzung ass fir d'Motivatioun vun de Patienten an hir Fäegkeet fir d'Abstinenz ze stäerken a Réckfäll ze verhënneren, andeems hir perséinlech, psychologesch a sozial Ëmstänn berécksiichtegt ginn. D'Zil ass et och, fir eng dauerhaft Autonomie bei de Patienten ze fërderen a se lues a lues an op eng sécher Manéier op déi sozial a berufflech Reintegratioun virzebereeden.

Enn 2024 hunn am CTU an am CTM zu Manternach zesumme 445 Leit geschafft, dovun 18 Psychiater oder Neuropsychiater, 4 Kanner- a Jugendpsychiater, 6 Allgemengmedeziner an 2 Dokteren an der Ausbildung[3].

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Therapeutesch Offer

[änneren | Quelltext änneren]

Als Rekaklinick behandelt den CHNP Patienten a follgenden Domänen[4]:

  • Suchtmedezin
  • Angscht- a Stëmmungsstéierungen
  • Psychotesch Stéierungen
  • Kanner- a Jugendpsychiatrie
  • Sozialrechtlech Psychiatrie
  • Geriatresch Psychiatrie

D'Rehaklinick Useldeng riicht sech un erwuesse Patienten déi ënner enger Alkohol-, Cannabis- an/oder Medikamentenofhängegkeet leiden, déi mat psycheschen, psychosomateschen oder sozialen Stéierungen a Verbindung bruecht ka ginn.

Den therapeutesche Programm ëmfaasst:

  • individuell psychiatresch, medezinesch a psychotherapeutesch Consultatiounen;
  • Gruppentherapien, déi sech op Réckfallpreventioun, Emotiounsmanagement, Psychoeducatioun an d'Entwécklung vu psychosoziale Kompetenze konzentréieren;
  • komplementar Therapien, déi d'Wuelbefannen an d'kierperlech Gesondheet fërderen: Sporttherapie, Physiotherapie, Psychomotoriktherapie, Entspanungstechniken, Ergotherapie a kreativ Aktivitéiten;
  • individuell sozial Ënnerstëtzung, besonnesch wat d'Wunneng, d'Beschäftegung a déi sozioprofessionell Reintegratioun ugeet.

D'Opnam am CTU geschitt ausschliisslech op Basis vun enger medezinescher Ufro an op fräiwëlleger Basis vum Patient.

De Generaldirekter vum CHNP a medezineschen Direkter vun der Rehaklinick Useldeng ass den Dr Mark Ritzen(Stand: Mee 2026)[5].

 Commons: Rehaklinick Useldeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. eege Schreifweis: Rehaklinik Useldeng
  2. (fr) Loi du 17 avril 1998 portant création d'un établissement public dénommé « centre hospitalier neuropsychiatrique ». data.legilux.public.lu Art. 3. Gekuckt de 04.05.2026.
  3. (fr) Chiffres clés. www.rehaklinik.lu/. Gekuckt de 04.05.2026.
  4. (fr) Nos 6 domaines de compétences. www.rehaklinik.lu. Gekuckt de 04.05.2026.
  5. (fr) Organigramme. www.rehaklinik.lu. Gekuckt de 04.05.2026.