Reiner Gamma

Vu Wikipedia
Reiner Gamma
Koordinaten 7°23'24"N, 58°57'36"W
Genannt no Vincenzo Renieri
Moundvéiereck LQ10


Reiner Gamma ass e sougenannte Swirl, e Gebitt vun ongewéinlecher Hellegkeet am Oceanus Procellarum um Äerdmound. E läit selenographesch op der viischter Moundsäit bei 7° 30′ Nord zu 59° 00′ West, an der Géigend vum Krater Reiner. De Krater gouf am Joer 1935 vun der I.A.U. nom Vincentio Reinieri († 1648) genannt. De mëttleren Duerchmiesser vun der verwierbelter ovaler Struktur huet zirka 70 Kilometer. Dat markantst Zeechen ass déi zu senger Ëmgéigend, ofwäichend Albedo.

Theorien[änneren | Quelltext änneren]

Fréier Astronomen haten falsch ugeholl, datt d'Struktur e Krater wier. Den Giovanni Riccioli hat dësen Galilaeus, nom Galileo Galilei genannt. Spéider huet sech eraus gestallt, datt et kee Krater ass, an den Numm Galilaei gouf op en anere Krater iwwerdroen.

Mat der Erkenntnes, datt d'Struktur keng Mull oder Bierg um Terrain ass an och op kee fréiere Lavaausbroch zeréckgeet, gouf et e Rätsel. Nodeem awer änlech Onreegelméissegkeeten am Mare Ingenii an am Mare Marginis entdeckt goufen, konnt mat dësen neien Erkenntnesser eng Theorie entwéckelt ginn. D'Anomalie leie sech bal genee visavis vun de Basengsmëttelpunkte vun anere Maria a sou kann ugeholl ginn, datt si zur selwechter Zäit wéi déi Aschlagkrateren duerch seismesch Verwerfungen a reflektéiert Energië vun den Aschléi entstane sinn. Problematesch ass allerdéngs d'Tatsaach, datt et géigeniwwer vum Reiner Gamma keng passend Kratere op der anerer Säit vum Mound gëtt.

1972 gouf vu Subsatellitten, déi vun Apollo 15 an 16 an eng Moundëmlafbunn ausgesat gi waren, entdeckt, datt de Reiner Gamma e Magnéit-Feld huet. Dat gläicht am Opbau engem Dipol. Zudeem konnte verhältnesméisseg staark magnéitesch Felder no bei den Onreegelméissegkeete gemooss ginn. Déi genee Ursaach dofir ass onbekannt.

D'magnéitescht Feld ass staark genuch, fir de Sonnewand ofzelenken. Well een unhëlt, datt de Sonnewand d'Mounduewerfläch iwwer Joermilliounen däischter mécht, gëtt spekuléiert, datt d'Anomalie vun der Albedo méiglecherweis hir Ursaach an der magnéitescher Anomalie huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Reiner Gamma – Biller, Videoen oder Audiodateien