René Kollwelter

Vu Wikipedia
René Kollwelter
De René Kollwelter an der Provence
Gebuer 10. Juli 1949
Weimeschkierch
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Foussballspiller, Lycéesprofesser
Partei LSAP
Famill
Papp Nicolas Kollwelter
Geschwëster Serge Kollwelter

De René Kollwelter, gebuer den 10. Juli 1949 zu Weimeschkierch, ass ee lëtzebuergesche Politiker, Auteur a fréiere Foussballspiller[1]. Vu Beruff war hie Franséisch-Professer am Secondaire.

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Hien ass de Fils vum fréieren Europadeputéierten Nicolas Kollwelter (CSV) an de Brudder vum Serge Kollwelter, dem President vun der ASTI. No senger Première am Lycée de garçons um Lampertsbierg, 1970, studéiert de René Kollwelter "Lettres Modernes" fir d'éischt zu Aix-en-Provence op der Université de Provence an duerno zu Paräis. Hien huet säi Studium 1975 mat enger Maîtrise ofgeschloss, an dunn eng Formatioun als Professer zu Lëtzebuerg gemaach.

Tëscht dem 10. Oktober 1971 am 7. Oktober 1973 huet de René Kollwelter siwemol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[2]

1977 ass hien an d'Politik gaangen. Hie gouf 1981 op der Lëscht vun der LSAP an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt. 1984 koum hien och an d'Chamber an ass duer 1989 a 1994 erëmgewielt ginn. Hie war vun 1991 bis 1994 Vizepresident vun der Chamber a Member vum Europarot vun 1989 bis 1991 an erëm vun 1994 bis 1999.

1999 huet hien der lëtzebuergescher Lokal- a Landespolitik de Réck gedréit an ass an d'Provence geplënnert. Do huet hien eng "chambre d'hôtes" opgemaach, a war vun 1999 bis 2004 Direkter vun der "École de la deuxième chance" zu Marseille.

Zeréck zu Lëtzebuerg, gouf hien 2005 nees an de Stater Gemengerot gewielt an dat selwecht Joer och an de Staatsrot ernannt.

De René Kollwelter ass Grënner a President vun der reformistescher Denkfabrik générations-europe.lu, déi fir ee soziaalt Europa antrëtt. D'asbl Kockelarena gouf och vun him an d'Liewe geruff. Hien ass Member vum franséische Parti socialiste, vum Parti socialiste européen an och vun der LSAP fir déi hie bei den Europawalen 2009 Kandidat war.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Le nouveau modèle luxembourgeois, zesumme mam Dulli Frühauf, Éditions Le Maisnil, 1983
  • Ëmweltatlas fir Lëtzebuerg, zesumme mam Dulli Frühauf, RTL-Éditions, 1987
  • Toute la vie pour se former et pour apprendre, zesumme mam Marc Zanussi, Éditions Le Phare, 2004
  • L'École de la deuxième chance de Luxembourg, MEN, 2005
  • Livre blanc sur les infrastructures sportives au Luxembourg, Éditions Le Maisnil, 2008
  • L'Europe que nous voulons, Éditions Le Phare / générations-europe.lu, Mäerz 2009, ISBN 978-2-87964-143-0
  • Voyage au bout des jours. Bribes de la vie de Nicolas. Esch-sur-Alz., Éditions Schortgen, 2019

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De René Kollwelter op der Websäit vun der Football Database
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum René Kollwelter op der Websäit vun European Football
  3. Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' wärend op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg wëll de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.