René Mertzig

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Heemechtshaus vum René Mertzig op 4, rue de Bissen zu Kolmer-Bierg.
Plack um Heemechtshaus vum René Mertzig.

De René Mertzig, gebuer den 11. August 1911 zu Kolmer-Bierg, gestuerwen de 17. September 1986[1], war e lëtzebuergesche Pianist a Komponist.

De René Mertzig huet Musekstheorie an Instrumenter (Piano a Gei) an de Conservatoire vu Lëtzebuerg a Bréissel studéiert. An den 1930er Joren gouf hie Member vum Sinfoneschen Orchester vu Radio Lëtzebuerg, wou hie bis 1976 matgeschafft huet. Wéi hie pensionéiert gouf huet e beim RTL-Orchester 1979 de Posten als Pianist iwwerholl.

Hie war Matgrënner vun der Société nationale pour la propagation de la musique symphonique a vum Luxembourg Piano Trio.

Als Komponist war hien inspiréiert vum gregorianesche Gesank a vun de Muséker Rimski-Korsakov, Manuel de Falla, Claude Debussy a Maurice Ravel. Hie selwer sot, d'Basis vu senge Kompositioune wier d'Instrumentatiounsléier vum Richard Strauss.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Quatre mélodies (1942)
  • Poème (1945-46)
  • Trois mélodies (1947)
  • Rhapsodie chorégraphique (1947)
  • Cycle symphonique (1950-51)
  • Trio en mi (1951)
  • Lëtzebuerger Rousen (Oper mat Ballett) (1951-52)
  • Symphonie des impressions vives (1953-54)
  • La Cité éblouissante (1954)
  • Deuxième Trio (1955)
  • Trois esquisses (1955)
  • Enfantines (1956)
  • Le tambourin et la guitare (1958)
  • Quatuor à cordes (1962)
  • Rythmes souverains (1962)
  • Toccata (1963)
  • Trois mélodies (1962-63)
  • Konzertstück (1963)
  • Synthèse symphonique (1964)
  • Estampes (1968)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon, S. 295.