René Steichen (Regisseur)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Regisseur René Steichen. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. René Steichen.
René Steichen
Gebuer 13. Mäerz 1935
Gestuerwen 19. Dezember 1994
Nationalitéit Lëtzebuerg

De René Steichen, gebuer den 13. Mäerz 1935 zu Bartreng, a gestuerwen den 19. Dezember 1994 zu Stroossbuerg,[1] war e lëtzebuergesche Regisseur a Realisateur vun Televisiounsemissiounen.

Hien huet bei Télé Luxembourg geschafft, an an den 1970er-1980er Jore bei RTL Productions zu Bartreng. Dat war deemools ee vun deene modernsten Televisiounsstudioen an Europa, wou scho fréi Computeren zum Asaz koumen, fir visuell Effekter oder syntheetesch Biller ze maachen, déi bei Jinglen a Videoclippen zum Asaz koumen.

Besonnesch als Pionéier vun de Videoclippen huet de René Steichen sech en Numm gemaach; Museker wéi Céline Dion, Michel Polnareff, INXS, Claude François, Serge Gainsbourg, Johnny Halliday, Jermaine Jackson[2] sinn op Bartreng komm, fir hir Clippen opzehuelen. Seng Technik koum och zum Asaz an Dessins-animés-Serien, wéi Ulysse 31.

Dem grousse Public war de René Steichen an där Zäit duerch d'Emissioun Super Juke Box bekannt, déi vum André Torrent moderéiert gouf, a wou de Steichen riets am Bild souz, d'Schibere vum Mëschpult ze bedéngen, an heiansdo frëndlech an d'Kamera ze laachen.

Hien huet och (Ko-)Regie vun de 4 Emissioune vum Grand Prix Eurovision de la Chanson gefouert, déi zu Lëtzebuerg ofgehale gi waren.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. G. Hausemer: Luxemburger Lexikon. Éditions Binsfeld, Luxembourg 2006, S. 408.
  2. 50 ans Télé Luxembourg