Op den Inhalt sprangen

René du cinéma

Vu Wikipedia
De Bréisseler Théâtre National Wallonie-Bruxelles wärend der Zeremonie vun de Magritte du cinéma am Joer 2023.

D'René du cinéma sinn e belsche Filmpräis. D'Auszeechnung gëtt zënter 2011 all Februar oder Mäerz wärend enger Zeremonie zu Bréissel verdeelt.

Et ass de Filmpräis vun der franséischsproocheger belscher Filmindustrie. De flämesche Pendant sinn d'Ensors, deenen hir Zeremonie all Joer am Januar organiséiert gëtt. Schonn tëscht 1986 an 2005 gouf et e gemeinsame belsche Filmpräis, de Prix Joseph-Plateau.

De Präis ass nom belsche Moler René Magritte benannt an huet tëscht 2011 an 2025 Magritte du cinéma geheescht. 2026 gouf en ëmbenannt, well, d'Fondation Margritte, där d'Markerecht op dem Moler säin Numm gehéiert, net méi mam Filmpräis associéiert wollt ginn.[1]

D'Membere vun der belscher Filmakademie Académie André Delvaux wielen d'Nominéiert an d'Gewënner an de ronn 20 Kategorien.

 Commons: René du cinéma – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Les Oscars belges, connus sous le nom des Magritte, deviennent les René du cinéma. Le Figaro (6. Januar 2026). Gekuckt den 29. Mäerz 2026.