Rendez-vous (Gréngewald)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Rendez-vous am Wanter (2013). De Wee lénks vum Panneau geet op de Waldhaff.

De Rendez-vous ass e Lieu-dit am Gréngewald, an der Gemeng Nidderaanwen, op deem fënnef Bëschweeër zesummekommen, an zwar vum Sennengerbierg, vum Findel, dem Kierchbierg, dem Waldhaff a vum Bëschhaus.[1]

De Rendez-vous läit am Südoste vum Waldhaff op enger Héicht vu ronn 363 Meter.[2] Op der Plaz steet en Informatiounspanneau op deem d'Bëschweeër, déi do zesummekommen, gewise sinn a wou een och Informatiounen iwwer déi fréier Kuelemeileren am Gréngewald liese kann.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Informatiounspanneau um Rendez-vous. Op der Topographescher Kaart vun 1989 ass d'Plaz mat sengem Numm gewisen. Op de méi rezente Kaarten an och um Nationale Geoportail ass d'Kräizung ze gesinn, den Numm vum Lieu-dit awer feelt.
  2. Topographesch Kaart vun 1989.