Renert:Éischte Gesank

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Den Éischte Gesank vum Renert ass aus enger Serie vu 14 Gesäng aus dem Renert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst vum Michel Rodange.


Et war esou ëm d'Päischten,
'T stung Alles an der Bléi,
An d'Villercher di songen
Hir Lidder spéit a fréi.

Du rifft de Léiw, de Kinnek,
All Déier op e Fest
Am Gréngewald zesummen,
An 't koumen all seng Best.

Di Räich als wéi di Arem,
Den Hirsch an Päerd an d'Réi,
Se waren all geruff ginn,
A Mitock, Mësch a Kréi.

Se koumen all mat Träppen,
'T gesouch ee bal keen Enn,
Zu Fouss an op de Fliichten, [1]
Mat Schniewelen a mat Zänn.

A wann och kee géif feelen,
Dat wier dem Kinnek léif:
Wien hätt geduecht datt Renert,
De Fuuss, ewech do bléif?

Dien hat e béist Gewëssen,
Dat scheit den hellen Dag,
Ze go bei all di Hären,
Dat war net senger Saach.

En hat sech s'all gelueden,
E musst et selwer son:
Dem Dachs blous, sengem Nëwéi,
Diem hat en näischt gedon.

De Kinnek hat verbueden
Den Déier, grouss a kleng,
All Stielen a Bedréien,
An d'Doudschléi eeschtlech streng.

De Renert kennt d'Gesetzer,
An d'Schlëff [2] dra, wi seng Buerg:
Mä kënnt en net gutt driwwer,
Da kricht en drënner duerch.

En duecht: Du bass beim Kinnek
Dach wierklech schuns verklot,
An t weess ee: Wäit vum Feier
Kann al ginn den Zaldot.

Nun hat um Fest och Fiissche
Keng Grimmel sech verroch:
Vill Déier si beim Kinnek,
Dem Fuuss seng Feinden och.

Den Isegrem, de Wollef,
Fung gläich ze kloen un:
Deen hat de louse Fiisschen
Am uergsten opgezunn.

E koum mat senge Frënnen;
A munchen, deen do steet,
Ass féng e raue Brudder,
Trotz sengem renge Kleed.

Se hiewen d'Schwänz an d'Ouren,
Se drécken sech erbäi:
De Wollef trëtt zum Kinnek
A fiert net ëm de Bräi.

Hie sot: Mäin Här a Kinnek,
Héiert dajch mäng Klo!
Allmächteg a verstänneg
Dat woort dir ëmmer jo.

Dir miisst iech dajch erbaarmen!
Wat äch jelidden hann
Mäi Liäwe lank vam Renert
Jett Schoad a Schimp a Schann!

En hatt mer d'Fra bejaajchelt,
Mat Schwätze bland jemaajcht,
A wi en hirer miickt wor,
Äis allebickt auslaajcht.

Dann hatt e mer mäng Jongen
Bei Kliärf a mänger Hiäll
Jetëltert a jeschmassen,
Ee schlamp, den anner schiäll.

Äch luss e schon zitiren,
E koum ojch op d'Jeriicht.
Den Näistert hatt jeschwuren,
En hätt dat néck jestiicht.

Kuckt, wann äch ojch kënnt schwätzen,
Als wi de Metz van Eech:
Sechs Wojche jif äch riädden
Vam Renert sänge Streech.

A kënnten d'Wëlzer Giärwer
All Iäselshäckt ojch han
An ditten näist ojch brägden
Als Parjement dervan:

Da kënnt een néck drop schreiwen
Di Streech, di dee scho moujch,
An déi en najch wäert maajchen, --
Nujee, äch schwatt jenoujch!

Drop koum den Hond, de Finnett,
Erbäi zum Kinneksstoul;
Franséisesch kann dee schwätzen
Als wi eng Gabberjoul.

Hie sot: Där wëscht, Här Kinnek,
Esch sinn zu Bieles Wiert;
D'lescht owes koum de Renert,
En huet den Dronk gespiert.

E sat sesch rouesch nidder
Om Hiwwel ënnrem Kuescht[3]
A sot: Eng Schappe Greeschen,
Vum beschten deen sch de huescht.

Mär fungen un ze sproochen,
Dee Mann ass vill gereescht;
E ka féng gutt erzielen
Am Spaz an och am Eescht.

En dronk en etzlech Schappen,
E gouf rescht frou derbei;
Op eemol koum et klappen;
Wien ass do? "D'Polizei!"

Wat sollte mär do maachen?
Här Kinnek, wi där wëscht,
Esch hunn, bedeckt mat Blieder,
Do ston eng heemlesch Këscht.

Déi op, an dran de Renert;
Du koum dann d'Polizei.
Esch sot: Gesitt, dir Hären,
Gesitt, 't ass nëmmescht hei.

Bei mär ass Uerder, sot esch,
Am Zap als wi am Stot:
Där wäert mesch net erdappen,
Dir Hären, hunn 'sch gesot.'

Berdouf! mëscht du de Renert
E Saz an aus der Këscht,
An ouni ze bezuelen
Ass mär de Fuuss entwëscht.

Du duescht esch u meng Wurschten;
Déi Këscht wor hallef voll:
Mäin Iessen hat de Renert,
An esch säi Protokoll!

Här Finn, jaut du de Kueder
A sprung vu sengem Seess,
'T ass reecht, datt iech de Fiisschen
Déi Wuusten hoat gefreess.

Wat wëllt dir hea verkloen?
Här Finn, är Klo ass huel:
Dir hat dem uarme Kuader
Déi Wuuste jo gestuel!

Ech denken dru mäi Liäwen,
Et ass scho Jor ent Dag,
Du gung ech mëttes fëschen
Ëm Veinen béi der Baach.

Ma d'Wiäder war net gënsteg,
Kee Fëschche koum erous;
Du doacht ech: Gi an d'Millen,
A fink der do en Mous.

Ech schloff eran an d'Kéchen:
Keen Maische béi noach no;
Ma d'Giädel op der Sidel,
Déi suz ze néipen do.

Eh suz mech béi en Brandrout,
Ech schilzen ees an d'Hoost:[4]
Do hungen awer Wuusten,
Et war mein Sill e Quoost [5].

Ech doacht, 't wir net gesëndegt,
Well d'Millre sen och Déif;
An hei and do en Wiistchen,
Su epes ass eem léif.

A kuurz, ech wor do uewen,
Erof och mat em Saz;
Op eemol jéizt du d'Millesch:
Hei, Finnett, holl mer d'Kaz!

Ech doacht net, datt deen do wir,
Ma hee mat Bill a Ball
Mir no, an an der Hoossegt [6]
Ass d'Wiistche mir enfall.

An d'Plaz du mat der Wiistchen
Op d'Millen zréck ze gon,
Hot Finnett se no Bieles
An a sein Këst gedron.

Su kënnt en Hond uan d'Wuusten,
Här Kinnek, net mat Recht!
De Renert ass kee gouden,
De Finnett, deen ass schlecht.

De Réibock souz ze rëffle
Mat Ongedold om Wues,
En hat och vill ze kloen
Als Affekot vum Hues.

En ass e räiche Kärel,
En dréit e grousse Baart
A wunnt net wäit vu Frummbreg,
Bei Lëschen an der Haart. [7]

Dee sot: Mer geet vum Renert
Hei net zum Finn erof,
Ewell als Déif a Mäerder
Verdéint de Fuuss sein Strof.

Vu Bieles bas no Beier,
Vun Ell bas Eechternoach,
Wou gët, äich fron, dir Héiren,
Esu en Näistert noach?

Ging Räich a Kinnek ënner,
Dem Renert lig näist droan,
Gif heen derbäi gewannen
E Muefel [8] voan em Hoan.

Wat déinen is d'Gesezer?
Hee micht sich näist derous,
Hee leeft, als wann heen Héir wir,
A laacht de Kinnek ous.

Wi hoat en et mam Lampert
Gemaacht mam oarmen Hoas?
De Mann, dee kee beledigt,
Do läit e grank om Woas.

Den Heesche wor op d'Kiirmes
Bei seiner Fra hir Mamm.
Déi guf em Kouch fir d'Kanner,
An och e bisschen Ham.

Hee gung op häm voll Fräden,
Mat seinem Granz am Douch:
Om Krondhof fond e beden
De Fuuss an enem Bouch.

En hoat gestréckt ëm d'Lenen
e kruuse Rusegranz,
Verstoppt war ënnrem Mantel
Séi laange Fuusseschwanz.

Geklopt-sech-Grëschtnech, Prouder!
Ma gitt e bissche loas,
Äich gif géir mat eech schwezen,
Sot Renert du zum Hoas.

Äich säi jo nau Pëstuer
Om Kroëknop, der wësst,
Mat 't feelt mer oan em Koster;
Dir säid e goude Grëst:

Wat dénk Eech? Gif dir wëllen
Als Koster bei mir ston?
Äich gif eech d'Nutte liren
A hiren d'Oergel schlon.

Den Heesche wor zefriden,
A kläich gung d'Liër oan:
De Renert sollt hee weisen,
Fir d'Massgebet ze soan.

Et geet dem Hoas schuns zimlech,
En hëppt dohier am Moos,
Du kréift de Fuuss nom Bëntel
A micht sech d'Douch ees los.

E schnauft nach ëm d'Schlabaitchen,
De Koster hemmst alt ees,
Ma ir een sech ëmsinn hat,
War d'Ham mam Kouch gefreess.

Här Kinnek an dir Héiren,
Äich prouch eech net ze son:
Et hoat dem oarmen Heesche
Gewass net gout gedon.

E suz do dreisch [9] ze dénken:
"O wiirs du ous dem Kuër!"
An du an d'Blaz ze schelen,
Du graazt en hannrem Uer.

Däich hëlt en Tonnerweder,
Lo këmmt däi Jéngsterdag,
Dou Boz! jout do de Renert,
An holt den Hoas mam Grag.

Äich koam dohär gegaang d,
Soss wir den Hoas net mi.
Wi hoat de Man geliden,
All Klidder déin hem wi!

Wat soll äich noach vill reden?
Hei hëlleft kee Geschweez:
Den Duddschlag ass verboaden
An d'Schlon och duerch d'Gesetz.

'T ass Zäit de Fuuss ze strofen,
Héir Kinnek, strooft en hett,
Soss gritt der 't héich veriwelt
Vun alle prave Lett.

Zum Galge! rifft de Wollef,
En hatt dee lank verdéint;
Wee weess najch, bleift e lofen,
Zu watt en säch erkéint?

De Kinnek sot: Dir Hären,
Dir kommt vu wäit e breet,
A fant iech hei zesuemen,
Dat mécht mer grousseg Freed.

Mam Renert ass et anescht:
Ier Kloe sinn net nei;
A wär hie ganz onschëlleg,
Da wär en och wuel hei.

'T këmmt selten eppes Guddes
Vum Renert dach eraus;
Ech wor schons laang gedëlleg,
Nu geet d'Gedold mir aus.

Et schingt, en uecht mech wéineg
A mai Gesetz fir naischt,
E mécht, wat onerlaabt ass,
Da laacht en sech an d'Faischt.

Ass ee vlaicht vun iech Hären,
Dien d'Saach méi klor gesait?
Ech wëll nun alles wëssen,
An och wou d'Wourecht lait.

Du stoung dann op Dachs Grimpert,
Dem Fuuss als Affekot:
Här Kinnek, sot en héiflech,
Dann héiert uë mai Rot.

An nu fir uenzefänken:
Sou hält ee kee Geriicht,
Weil Renert guer net hei ass,
Do ass d'Verkloe liicht.

Här Wollef, loosst dat Kloen!
Ech son, et ass iert Gléck,
Datt net mai Monnonk hei ass,
Soss léigt dir schons om Réck.

Well wie mat iech musst iessen,
Dee gouf nach selte fett,
A sid dir engem schëlleg,
Da wëllt een, datt een 't hätt.

Här Kinnek an dir Hären,
De Wollef ass net weech;
Dat wëil ech iech beweisen
Aus méi als engem Streech.

Mai Monnonk an de Wollef,
Déi haten d'Wuurt sech ginn,
Ze delen all Schlabaitchen [10]
Als wi zwee Bridder din.

Se woren d'lescht am Wanter
Bei Fléiber op der Juegd,
Se haten naischt gefaangen,
An 't gung schons haart un d'Nuecht.

De Wollef war vun Honger
A Middheet halwer béis,
Du koum en Hiewerlänner
mat enger Kar voll Kéis.

Se konnten dees kee kafen,
Weil keen e Groschen hat:
Du huet de louse Wollef
Dem Fiissche gutt geschwat,

E sollt him dach erdenken
E Mëttel fir de Mo!
An huurteg wor de Renert
Mat sengem Mëttel do.

Hee leeft a leet sech nidder
(Et wor meng Sexter frech)
Op d'Strooss als wann hien dout wär,
Streckt Aarm a Been ewech.

De Kéismann kënnt a fënnt en,
Deen huet em eng gekraacht;
Dem Monnonk huet de Rimmchen
Net greilech gutt geschmaacht:

An iewel bleift e leien,
Sai Spillche mécht e ganz;
Du hëlt de Kéismann endlech
Mai Monnonk mat dem Schwanz.

Dat gët e faint Puer Moulen,
Esou e Fond ass rar!
Sous sot en, an du werft hien
De Fiissche wupp op d'Kar.

Wat brauch ech nach z'erzielen?
Mai Monnonk maust am Doch
A werft dees Kéis dem Wollef
Eraf a bis genoch.

Du endlech hien eraf och,
A lass op d'Deel vum Kéis:
Do hat de brave Wollef
De Rescht schons am Gefréiss!

Net besser goung et hauer
Mat engem Schwain emol,
Dat hung bei engem Bauer
Geschluecht un engem Nol.

Mai Monnonk licht dem Wollef
Duerch d'Fënster d'Schwain eraus:
Op eemol goung d'Gedibber
An d'Jaizen un am Haus.

Se koume mat de Grefen
A mat der Wisenha,
An deemol koum mai Monnonk
Op d'Hoër ëm en A.

Zum Gléck, en ass e Schmocken [11]
Du mécht en dann e Saz
A wutscht iech duerch e Schlëffchen,[2]
'T kéim kaum derduurch eng Kaz.

Ma Nëwéi, sot de Wollef,
Et schingt, dat gouwe Rëss!
Kommt iesse wat nach hei ass,
Dat schmaacht elo gewëss.

Hee werft em duer de Sprenkel,
Eng Schank och vun der Héis![12]
Ech froen Iech, dir Hären,
Wie géif dann do net béis?

Här Kinnek, kuckt de Wollef
A kuckt seng Zeien un,
Déi fir e faulen Apel
E Wollefseed iech dunn!

Do steet seng ganz Familjen
A jéiden huet e Krack: [13]
De Schrappjann vun der Knapshéicht,
De Stupp mam laange Schrack.

De Grapphans vun der Fläissdéch,
De Krop vum Lëmmelshaff,
De Fléifuez och, an d'Goldlaus,
De Bass vum haarde Graff.

Dat si verflucht Gesellen,
Déi huel si bis op d'Féiss,
'T gesait een datt e jéiden
Drai Pierd zu Botz op fréiss.

Setzt een no Esch op d'Uelzecht
An een no Iechternach,
En drëtte setzt no Wolwen
An een no Beesslek nach:

A sot se solle friessen,
A kuckt net waider no,
Drai Deeg laang, an ech wetten,
Dann hunn se d'Land am Mo.

Gemächlech ass d'Verkloen
Der Onschold op de Réck:
A rufft der hier de Rouden,
Da steet de Groen zréck.

Ewell wat do de Wollef
Vu senger Fräche sot,
Wat ass dann do ze kloen,
Sou laang als si net klot?

Wien hei sech wëllt bekloen,
Bréng Saache mat Bewais!
Dir géift ons vlaicht nach féieren,
Här Wollef, gir op d'Ais.

Ja, wann een deer Artiklen
Sollt huelen op d'Geriicht,
Verdierwen dausend Greffjer
Mam Schreiwen sech d'Gesiicht.

A winnt de Fuuss Ier Jongen,
Dann huet e vill Verstand:
Well 't sinn déi onerzuënst,
Déi schlechst vum ganze Land.

Mä géif dach Gott sai Segen,
En hätt se dout geschlon:
Da misst ee jo mai wärreg
En op den Hännen dron!

Fir déi ech biede, Wollef,
Maacht guer net vill Gejaiz!
Weil, wien se géif erwiirgen,
Verdingt en Éirekraiz.

A wat sot dir, Här Réibock,
Vum Hues, dem domme Mann?
Gelt, 't gët een engem d'Léier
Och nach mat Liefkoch an!

Wien zou ër Plaz wëllt kommen,
Dat wäerd dir dach verston,
Deem muss et op e Kränzchen
An op eng Ham net gon.

Wat soll ech so vum Finnett?
A weess de Mann dann net,
Datt Schelmemiel dach ëmmer
Och Schelmepankech gët?

Mer hunn et jo gehéiert,
De Mann dee litt a stielt,
A wär ech Här, da géif e
Gehéiereg ersielt. [14]

Ech rëss em d'Strauss vum Tiischelt [15]
An aus dem Faass de Krunn;
Do, wou esou Leit zapen,
Gët Welsch an Daitsch bedrunn.

De Kinnek ka sech freën,
Datt alt nach Männer sinn,
Déi dann and wann den Déiwen
E gudde Weewais gm.

Weil 't ass e Sproch, dee seet ons,
Datt d'Onrecht net gedeit:
De Renert sicht z'erfëllen,
Wat dat ons profezeit.

Mä Ondank, seet en anert,
Deen ass de Loun der Welt. --
Schwätzt all och géint de Renert,
Ech son: Heen ass en Held!

Ech son iech méi, Här Kinnek,
An denkt net, 't wär eng Flaus:
Mai Monnonk ass nu Brudder
Bei Hénkel op der Klaus.

Dat këmmt vun enger Priedegt.
Et wor Missioun enzwou;
Mai Monnonk héiert lauden,
Du hat e gur keng Rou!

E musst eraan an d'Priedegt
Mä d'Kiirch wor aagestéckt;
Mai Monnonk huet net nogin,
En huet sech aagedréckt.

E koum bis op den Duxall,
Weil ënne wor eng Wull:
Do souz de Bier, de Wollef
An d'Kaz am viischte Stull.

Den Huer [16] souz do mat Moulen
An d'Kaz mat enger Moff,
De Finnett hat och extra
Deen Dag sech net besoff.

Den Hiesche mécht de Koschter,
Hie knéit sech datt et knuppt,
An d'Schwain huet sech beim Beichtstull
Deemiddeg duergehuppt. [17]

De Bock ass ganz andächteg,
E mécht e frummt Gesiicht;
En huet sech ganz raséiert,
Als wi fir d'Jéngst Geriicht.

Mat Kiirze sëtzen d'Échlen, [18]
An d'Gäns am waisse Wuel --
Mä wann ech s' all sollt nennen,
Dat géif eng Abberzuel.

De Pater klëmmt op d'Kanzel:
Wat do den Här Iech riet!
Den Tiger schléit op d'Broscht sech,
De Stéier selwer biet.

Den Hunn dee wëllt sech Pater,
An d'Geess sech Nënnche man,
Sougur mai brave Monnonk
Alt kuckt reimiddeg dran.

An no der Priedegt
Gunge wi Englen s' all eraus;
Mä schons beim Weiwaaschkessel [19]
Fänkt Kueder sech eng Maus.

De Wollef frësst e Lämmchen,
Den Tiger zraisst eng Kou,
Den Huer, dee pléckt eng Pëllchen
An nach eng Dauf derzou.

De Finett leeft an d'Wiirtshaus
A saift als wéi e Lach,
Den Hunn huet och sai Virsaz
Op enger Mëscht gebrach.

Vun allen, déi do woren,
Di Grouss als wéi di Kleng,
Wien hat sech nu gebessert?
Mai Monnonk Fuuss eleng.

E lieft zu Giischt om Klaischen
Wéi d'Resender mer son;
E mécht bal naischt als bieden
An Aanre Gutts ze don.

En ësst e Wëllkuerstiirzel,
Derbai eng dréche Kuuscht,
An hei and do en Apel,
Eng Biirche fir den Duuscht.

Och etlechmol eng Hämmchen,
Déi him eng Giedel bréngt,
Fir déi en hir dann d'Vesper
Zur Eire Gottes séngt.

En dréit e Schkapeléier,
E Girel ëm de Laif,
An Aarbecht a Kasteionk
Dat ass sain Zaitverdraif.

Schéi Kraizer kann e schnetzlen,
E kettent Rousekränz,
Mécht Kiirwercher fir d'Kanner
Vu gringe Kazeschwänz. [20]

Här Kinnek, loosst e ruffen,
Bedenkt sain helegt Kleed!
Sou kënnt der 'n net veruurteln!
Gët uecht, et géif iech leed.

De Grimpert wor kaum fierdeg,
Du koum den Hunn dohier;
Seng Schweër drougen doudeg
Seng Fra op enger Bier. [21]

He jaut: O Här, meng Frächen!
Nun ass d'ganz Welt mer näischt;
Dat best vun allen Hinger,
'T luegt Eër als wi Fäischt!

Meng Kanner hat de Renert,
Zéng Diechter, schuns gefriess;
Ech hunn sou gär bei denen
Om Hingerjuck gesiess!

Zwou wäisser an dräi schwaarzer,
Se hunn sech gutt geschéckt,
Gepiirpelt ware fënnef:
En hat mer s'all erschléckt.

Drop housch et, hie wir Brudder,
E ging net méi op d'Juegd;
Du gi mer da spadséiren,
Meng Fra an ech, op d'Uecht.

Do souz e mam Gebietbuch
Bei sengem Beiebitt,
Ze sange ganz andächteg
En hellegt Kiirchelidd.

Mer waren ouni Suergen;
Mä d'Fraleit sinn ze king:
Meng duecht net, datt e Pater
Nach un en Hingche ging.

Se gung no alle Käärcher
Bis bei den Huewerkaast:
Du spréngt erbäi de Judas,
En hat sech drop gefaasst.

Ech ruffen an ech käcksen,
Du koum gelaf en Hond;
De Fuuss entspréngt, du hu mer
Meng aarme Fräche fonnd.

A wéi! Elei gesitt der,
Do läit der Fra hir Läich,
Déi mir méi 1éif gewiest
Ass wi Iech äert Kinnekräich.

Mat wiem soll ech nun hausen,
Wiem soll mäi Leed ech klon?
Nu ass kee Mann am Land
Méi sou haart, wi ech, geschlon.

Du gouwen d'Aen allen
De groussen Hären naass,
An och dem Kinnek selwer
Entfoul eng Tréin an d'Gras.

Hie sot dann och zum Grimpert:
Kommt hir a kuckt déi Laich!
Et schéngt, dir sid am Léien,
Här Dachs, dem Renert glaich!

Zum Hinnche sot de Kinnek:
Här Hänning, sid getréist, [22]
Ier Fra gët schéi begruewen,
De Fuuss gët streng gebéisst.

D'Begriefnes gouf gehalen,
Vill Käerzen hu gebrannt;
Op Maarwel steet geschriwen,
Wou d'Hingche läit am Sand:

Hei lait begruewe Krazfouss,
Se luegt vill Är an d'Nascht.
Se huet getraut dem Renert,
Dat huet se d'Liewe kascht.

_________

  1. Fliichten = Flilleken
  2. 2,0 2,1 Schlëff, Mz vu "Schloff" = en enken Duerchgank
  3. Kuescht oder Kuest = eng Eech
  4. Hoost = eng Haascht (an der Ham an anert Fleesch gereechert gëtt)
  5. Quoost oder Quascht = e Koup, vill
  6. an der Hoossegt = wann ee prësséiert ass (dt. Eile, Hast)
  7. Haart= Numm vu verschiddene grousse Bëscher
  8. e Maufel (e Mond voll)
  9. dreisch oder treisch = niddergeschloen
  10. Schlabaitchen = dt. schlaue Beute
  11. e Schmocken = e Schlanken
  12. Héis = d'Feescht vum Déier
  13. Krack = e Feeler, en Zeechen
  14. ersielt = wuertwiertlech: nei Suelen drop maachen, iwwerdroen: Streech kréien
  15. Tiischelt = dt. Türschild, Haupteinfassung der Tür
  16. Huer = dt. Hühnergeier, Aar
  17. sech huppen = sech op d'Feeschte sëtzen
  18. d'Échlen = d'Eil
  19. Weiwaaschkessel = Weihwasserkessel
  20. Kazeschwanz = eng Aart Schachtelhalm
  21. Bier = dt. eine Bahre
  22. getréist = getréischt