Rennequin Sualem

Vu Wikipedia
Rennequin Sualem
Gebuer 29. Januar 1645
Gestuerwen 29. Juli 1708
Marly-le-Roi
Nationalitéit Prënzbistum Léck
Aktivitéit Erfinder, Bauingenieur, Ingenieur

De Rennequin Sualem gebuer den 29. Januar 1645 zu Jemeppe-sur-Meuse, a gestuerwen 1708, war e Lécker Zammermann a Mecanicien.

Géint 1668 huet hien zu Modave eng hydraulesch Maschinn gebaut fir d'Waasser aus dem Hoyoux 50 Meter méi héich an den Haff vum Schlass vum Grof vu Marchin, ze pompelen.

Spéider huet hien no dem selwechte Prinzip d'Maschinn vu Marly gebaut, déi aus 14 Rieder bestanen huet an et erlaabt huet, d'Waasser vun der Seine 163 Meter héich ze pompelen, fir d'Sprangburen am Park vum Versailler Schlass ze beliwweren.

Hie gouf vum Louis XIV. Premier ingénieur du Roy genannt, an an den Adelsstand gehuewen.

Fir un hien z'erënneren, gouf zu Léck eng Strooss no him genannt an d'Technesch Héichschoul vu Léck dréit säin Numm.